
Zoustänneg dofir sinn d’Gemengen, esou dass de Wee bis bei d’Baugeneemegung e komplett anere ka sinn, jee nodeem a wéi enger Gemeng ee wëllt bauen. D’Maxime Gillen huet bei den 10 Gemenge mat de meeschten Awunner nogefrot, wéi séier si Bauprojete kënnen autoriséieren.
An dobäi fält op, dass u sech just d‘Stad Lëtzebuerg doriwwer Buch féiert. Den zoustännege Service erkläert, dass een zejoert an der Moyenne 51 Deeg gebraucht huet, fir eng Baugeneemegung - vum Gaardenhaischen bis bei d‘Residence - erauszeginn. Dat wier eng Verbesserung zu de Jore virdrun, an deenen d‘Moyenne bei 80 respektiv 110 Deeg geleeën hätt. Déi aner 9 Gemenge wäerten esou Statistiken net aus. Dat virop, well individuell Projeten net op eng Zuel kéinten erofgebrach ginn, esou d‘Explikatioun vum Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch.
„Well all Dossier eng eege Fassad huet. Mir kënne jo net soen, eng Baugeneemegung an der Gemeng Déifferdeng dauert zum Beispill 35 Deeg. Well all Baugeneemegung en individuelle Charakter huet, anescht muss traitéiert ginn, dofir kann een net einfach Deeg festsetzen. Dat eenzegt, wat mir kënne soen, wat mir gesinn, vun deem Datum, wou den Dossier opgeet bis den Datum, wou ech ënnerschreiwen, dat sinn awer ganz raisonnabel Delaien.“
Déi Gemengen, déi hir Autorisatioun net vun aneren Avisen, wéi zum Beispill dee vum CGDIS, ofhängeg maachen, leien eegenen Aussoen no bei Delaien tëscht engem an 3 Méint. An där Zäit gëtt gekuckt, ob de Projet de Reegelen aus dem Bautereglement vun der jeeweileger Gemeng entsprécht. A ville Fäll muss eng Bautekommissioun hiren Avis zum Projet ginn, ier dann en Avis au Public vun 30 Deeg gemaach gëtt. Kommen do keng gréisser Reklamatiounen eran, kann d‘Baugeneemegung ënnerschriwwe ginn.
Dës Delaie gëllen awer eréischt vun deem Moment un, wou den Dossier komplett a konform ass. An do läit – op d‘mannst de Gemengen no - dacks de Probleem. Verschidde Bauhäre géifen immens laang brauchen, fir déi néideg Dokumenter nozeliwweren oder verschidde Saachen esou unzepassen, dass se konform mam lokale Bautereglement sinn.
Op Gemengenniveau gëtt et dem Buergermeeschter vu Schëffleng Paul Weimerskirch no kaum nach Sputt, fir méi séier ze schaffen.
„Mir sinn an enger Demokratie an demokratesch Prozesser kënnen heiansdo laang daueren. D‘Ufro fir ze bauen, ass och dem Prinzip ënnerleeën, dass jiddereen d‘Recht huet, eppes kënnen ze bauen an do ginn et dann och Reegelen an Normen, déi mussen agehale ginn. Ech perséinlech gesinn net, wat mir elo nach kënne méi schlank maachen, dass et nach méi séier géif goen, wéi et elo ebe séier geet.“
An den 10 Gemengen, déi mir heizou befrot hunn, schaffen tëscht 3 a 7 Leit am Service vun de Baugeneemegungen. An der Stad Lëtzebuerg sinn et der 21.