En Donneschdeg hat de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter d'Informatiounspolitik vun der Regierung ferm kritiséiert. Mat senger Kritik steet den CSV-Deputéierten net eleng do. An der Regioun gi sech effektiv vill Froe gestallt. Eng gewëss Veronsécherung ass ze spieren.
RTL huet e betraffene Bauer vu Lénger op d'Gewan begleet. An e puer Wochen huet de Camille Niederkorn d'Véi op de Wise stoen. Déieren, no deenen hien all Dag, moies an owes, kucke muss - Waasser bréngen, fidderen. Op Wisen, déi dann duerch den Zonk vum Duerf getrennt sinn. De Camille Niederkorn gesäit sech vun moies fréi bis owes spéit just nach Paarten op- an zoumaachen.
"Firwat huet virdru kee mat mer geschwat?", sou de Mann. Dann hätt ee villäicht kënnen aner Léisunge fannen.
Da wier et wuel och net derzou komm, dat d'Glasfaserleitung beschiedegt gouf. De Camille Niederkorn wousst, dat déi direkt laanscht de Wee leeft, wou elo d'Pottoen ageschloe ginn ...

Et wier net mat de concernéierte Gemenge geschwat ginn, fir en Zonk laanscht d'Grenz mat der Belsch opzeriichten. Dat hat den CSV-Deputéierte Michel Wolter den zoustännege Ministere reprochéiert an hat dofir eng urgent Fro gestallt. Well et ee Manktem un Informatioun gouf, hätt ee seng Bierger an de respektive Gemenge net kéinten informéieren, esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter. Um Donneschdeg hunn déi zoustännege Ministere geäntwert.
Et wier een d’lescht Woch iwwert d’Press vun där Iddi mam Zonk gewuer ginn, esou den CSV-Deputéierte Michel Wolter am RTL-Interview. Vun der konkreter Realisatioun wier een aus der Press informéiert ginn. An deen Zonk géif net un der Grenz verlafen, mee duerch ënnert anerem seng Gemeng, esou den Käerjenger Gemengepapp. Et kënnt net nëmmen een Zonk, mee et kommen zwee Zénk, déi net matenee reliéiert sinn. Dat kënnt eis zimlech spuenesch vir.
Well deen Zonk och net genee op der Grenz géif opgeriicht ginn, géifen och Bauerenhäff an eng Zon elo falen, dat virdrunner net de Fall gewiescht wier.
Gëtt den Zonk esou gebaut, wéi mir et héieren hunn, hu mir Fäll, wou Bauerebetriber an zwee gespléckt ginn. Dann hu mir d'Haus dës Säit vun der Zone Blanche an de Betrib op der anerer Säit vun der Zone Blanche. Am Fall, wou sech ee Fall vun der Schwéngspescht géif stellen, hunn déi Betriber dann awer grouss Problemer.
Et misst eng Informatiounsversammlung organiséiert ginn, esou de Michel Wolter, och fir nach oppe Froen, zum Beispill op een den Tracé kéint aneschters zeechnen, ze klären. Um Donneschdeg hunn de Landwirtschaftsminister Romain Schneider an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Chamberplenière op d’Question urgente geäntwert, an hei gemengt, d’Gemenge wieren informéiert ginn, den Zonk hätt eng legal Basis, a neen e géif net den Accès zu Privatproprietéiten verspären, mee et géife Parten agebaut ginn.
Zanter dem 20te Mäerz wëssen d'Gemeng Käerjeng a Stengefort, datt esou een Zonk opgeriicht gëtt, do houng och déi eenzel Specificitéiten vum Zonk a wéi en opgeriicht géif ginn hannendrun. Et ass falsch ze soen, datt den Zonk op privaten Terrainen opgeriicht gëtt. Dee gëtt opgeriicht op ëffentlechem Terrain. D'Autorisatioun ass eng vum Naturschutzgesetz fir eng temporär Konstruktioun. D'Autorisatiounsprozedur ass vum Ministère vun der Mobilitéit an Transport ugefrot ginn.
70 Sekonnen huet d’Interventioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Chamber gedauert. Dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider seng war méi laang an do huet hien och ageworf, datt fir komplett transparent ze sinn, d’Deputéiert Accès op d’Autorisatiounen an d’Bréiwer hätten.
Afrikanische Schweinepest
CSV kritisiert Arroganz der Macht
Seit dem 13. September 2018 grassiert im belgischen Grenzgebiet zu Luxemburg die Afrikanische Schweinepest. Seit Monaten besteht die CSV auf einer bestmöglichen Vorbereitung unseres Landes auf die drohende Seuchengefahr. Hätte die Regierung zeitlich reagiert, müsste sie nun nicht überhastet und unüberlegt, ohne Strategie und über bestehende Gesetze und kommunale Befugnisse hinweg handeln.
Am Donnerstag thematisierte die CSV die Schweinepest erneut im Parlament im Rahmen einer Dringlichkeitsanfrage. Dabei interessierte vor allem der Bau eines Schutzzauns entlang der belgischen Grenze. Die CSV stellt keineswegs die Errichtung dieses Schutzzauns in Frage. Ganz im Gegenteil. Wir erwarten nur Antworten auf Fragen, die die Menschen bewegen.
Der CSV-Abgeordnete Michel Wolter kritisierte die Desinformationspolitik der Regierung gegenüber den Gemeinden, den betroffenen Landwirten und den Landeigentürmern. Er fügte hinzu: „Wir stellen uns zudem die Frage, weshalb die betroffenen Gemeinden in ihren Kompetenzen regelrecht übergangen werden. Doch auch hier blieb uns die Regierung eine Antwort schuldig.“ Zum Schluss der Sitzung hinterlegte Michel Wolter Dokumente, die seine Kritik gegenüber der Regierung untermauern.
Bereits am Vortag verweigerte die Regierung konkrete Antworten auf das Projekt Google. „Die Verweigerungshaltung dieser Regierung scheint also System zu haben“, so Martine Hansen und Michel Wolter abschließend.
Mitgeteilt von der CSV-Fraktion