Den demographesche Wuesstem zu Lëtzebuerg wäert an den nächste Joren net ophalen, mä souguer weider nawell stramm unzéien.
Dat bréngt natierlech eng helle Wull vu Problemer um souwisou schonn iwwerdeierte Wunnengssecteur mat sech.
Ee vun de Moyenen, fir deem entgéint ze wierken, a virun allem och a Saache soziale Wunnengsbau méi ze maachen, wier dem Caritas Direkter-Philippe Streff no, dass d’Gemengen eng Quot vu 15% Sozialwunnenge missten operluecht kréien. Hien war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Fir dat ze erreechen, wier eng Méiglechkeet, dass d’Promoteur publique méi Moyene sollte kréien, fir méi Unitéite pro Joer op de Marché ze bréngen. Och mat de private Promoteure misst awer zesummegeschafft ginn. Een Deel kéinte si da fir sech huelen, fir de Logement social, deen dann awer och verlount misst ginn, an net an d’Vente goen, well et soss nees zu Spekulatioun kéint kommen.
D’Agence immobilière sociale, wou d’Caritas iwwregens och ee vun den Träger ass, géif 3 Joer no der Kreatioun gutt funktionéieren.
Et géif ee mierken, dass ëmmer méi privat Proprietären op dëse System zeréck gräifen, well se eng finanziell Garantie vun der Agence kréien. Vill Avantagen, déi awer eben u Konditioune gebonnen sinn. Dës ginn awer acceptéiert, sot de Philippe Streff.
Et misst ee sech awer generell komplett aner Moyene ginn, fir an den nächste Joren nach vill méi sozial Wunnengen ze schafen, wann ee bedenkt, dass Eurostat dervun ausgeet, dass mer a 40 Joer wäit iwwert eng Millioun Awunner am Land hätten. De Wunnraum muss also vergréissert ginn. Eng Méiglechkeet wier do de Perimeter ze vergréisseren. Eng aner Reflexioun wier fir ze kucken, ob een d’occupation au sol misst an d’Luucht setzen, oder vläicht méi an d’Luucht bauen. Aner Stied am Ausland, déi de selwechte Problem kennen, hätten awer scho gewisen, dass et geet.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Caritas.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren