Interview mam Georges HeinrichDefence Bonds: "En Deel politesche Marketing"

François Aulner
Mir hu mam Member vum Direktiounscomité vun der Raiffeisen Georges Heinrich iwwer d’Defence Bonds an hire Succès geschwat. Hie war selwer fréier Chef vum Trésor Public.
De Georges Heinrich
De Georges Heinrich
© François Aulner / RTL

Net emol 24 Stonnen huet et gedauert an d’sougenannt Defence Bonds waren ausverkaaft. Et krut ee se bei fënnef Banken, dorënner d’Raiffeisen. Fir dës Bank war et déi éischte Kéier, datt se bei der Emissioun vu Staatsobligatioune matgemaach huet. Deementspriechend wier et schonn e spezielle Moment gewiescht. Et hätt eng gewëss Nervositéit ginn, sou de Georges Heinrich. Trotz Erwaardungen, datt d’Demande grouss géing ginn, war se duerno esou grouss, datt et zu Waardezäiten komm wier, wat bei de Leit an de Schlaange fir e bësse Frust gesuergt hueet.

Defence Bonds: “En Deel politesche Marketing” / Françoi Aulner

Den enorme Succès vun den Defence Bonds erkläert sech de Member vum Direktiounscomité vun der Raiffeisen duerch e puer Saachen. Éischtens wier et scho laang hier, datt de Lëtzebuerger Staat um Marché fir d’privat Leit emettéiert huet. De Staat wier mam Triple A e ganz sécheren Emetteur. An de Scholdpabeier selwer wier och nach intressant, well de fixen Taux vun 2,25 % ganz steierfräi ass.

E Bewosstsinn fir nei Erausfuerderunge schafen

E klenge Steier-Kaddo vum Staat fir déi, déi e Bond kaf hunn, deen d’Staatskeess op dräi Joer zwee Milliounen Euro kascht. Him géing et net zoustoen, fir dat politesch ze bewäerten, esou de Georges Heinrich. Hien erkennt bei den Defence Bonds awer “en Deel politesche Marketing” fir beim Grand Public d’Bewosstsin – “eng prise de conscience” - ze schafen. Nämlech, datt “eng nei Thematik an eng nei Erausfuerderung op '’Politik an op d’Bevëlkerung zoukënnt, well d’Defense (...) eppes ass, wat relativ deier ass awer och e grousse Wäert huet.”

Mat den Defence Bonds léint de Staat Suen, fir an national Projeten an der Beräicher Defense a Sécherheet z’investéieren. Dem Bankier a fréiere Chef vum Trésor Public no, wier lo kuerzfristeg Schold gemaach ginn, fir den Invest virzefinanzéieren. Ewéi eng budgetär Ajustementer duerno gemaach ginn ewéi Steierhaussen oder Baissë bei den Ausgaben, dat steet dem Georges Heinrich nach am Raum.

Dem Georges Heinrich no wieren d’Defence Bonds och eppes anescht ewéi wann een an Aktien vu Rëschtungskonzerner investéiert, déi direkt Waffen a Munitioun produzéieren.

Back to Top
CIM LOGO