Schinne bei Schinnen! Sou den neie President vum Landesverband, Georges Merenz, en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview, dee fuerdert, datt den Tram amplaz zu Luxtram, zu den CFL soll gehéieren. Dat och am Interessi vum Tram-Personal. De Landesverband huet nämlech Informatiounen iwwer schlecht Aarbechtskonditiounen: D'Léin wieren ze niddreg an d'Amplituden, mat 13 Stonnen, ze héich. Dowéinst muss e Kollektivvertrag bei Luxtram kommen an den Transportminister François Bausch intervenéieren. Eng Entrevue ass geplangt.
Natierlech begréisst den Landesverband déi annoncéiert Eisebunn-Projeten, fuerdert ënnert anerem awer och en Uschloss vum Findel mam Zuch, d'Strecke Biissen a Steebrécken missten nees un d'Netz ugegliddert ginn, a Quaien op der Dikrecher Streck bäikommen.
Vun enger Fusioun mam OGBL wollt de Georges Merenz net schwätzen, mä vun enger méi enker Kooperatioun. An och intern Streidereien an der Eisebunnergewerkschaft, mat der Virgänger-Equipe, ware fir den neie Landesverband-President keen Thema.
En Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de Georges Merenz, eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.