Trotz Drock bleift de Claude Meisch dobäiGeplangten Amortissement acceleré vu 6% fält vu 600.000 Euro Baukäschten un ewech

François Aulner
D’Regierung hat am Juli ugekënnegt, datt se en neien Amortissement acceleré - e steierleche Virdeel beim Investissement an de Locatif - géing aféiere vu 6%. Allerdéngs nëmmen, wann de Bau ënnert 600.000 Euro ass, soss géing den Amortissement op 2% falen.

De Logementsminister Claude Meisch huet um Bord vun der Home-Expo en Donneschdeg op Nofro hin un där Formule festgehalen. Trotz Drock vun Entwéckler, Investisseuren an esouguer Leit aus senger eegener Partei, der DP, déi der Meenung sinn, datt wann e Bau méi ewéi 600.000 Euro kascht, een op d'mannst bis dee Montant vum Taux vu 6% soll kënne profitéieren.

De Claude Meisch bleift dobäi, datt wann e Bau een Euro iwwer 600.000 kascht, d'Recht op 6% Amortissement acceleré ewechfält. Et géing nämlech drëm goen, nei kleng a bezuelbar Locatiounswunnengen op de Marché ze kréien.

"Wann Developpeure mir selwer soen, datt se net à même sinn do ënner 600.000 Euro Baukäschten ze bleiwen, da froen ech mech ewéi et dann nach kann opgoen", esou de Logementsminister.

Dee steierleche Virdeel, wann een a Locatiounswunnengen investéiert, war ënnert der Blo-Rout-Grénger Regierung zeréckgefuer ginn op elo 4%, bei deen nach den Abattement immobilier spécial vun 1% ka kommen. Dat well an Zäite vun niddregen Zënsen d'Mesure d'Demande nach méi ugeheizt an d'Präisser an d'Luucht gedréckt huet.

Back to Top
CIM LOGO