Wéi gréng gëtt d'Stad wierklech? Firwat kënnt d'Gare net aus den Negativ-Schlagzeilen eraus? A firwat setzt d'Stater Buergermeeschtesch net méi staark op Mesurë géint eidelstoend Wunnenge fir géint de Logementsproblem ze kämpfen? Doriwwer schwätze mer en Donneschdeg de Moie mam Lydie Polfer. D'DP-Politikerin ass kuerz no 8 eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.