
Am zivilrechtleche Volet vun enger Affär vun ënner Viol a Sequestratioun blouf et um Dënschdeg op der Cour d'appel an der Stad bei Schuedenersatz an Héicht vu 25.000 Euro fir eng Fra. Dozou war e Mann veruerteelt ginn, deem virgehäit gi war, d'Fra tëscht Abrëll an August 2011 e puermol an engem Café zu Nidderkuer vergewaltegt ze hunn.