Invité vun der Redaktioun (9. Januar)Geschichtsproff Henri Wehenkel

RTL Lëtzebuerg
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den Auteur vum Buch "entre chien et loup".
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Henri Wehenkel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Grenzen tëscht Collaboratioun a Resistenz verschwannen heiansdo. De Geschichtsproff Henri Wehenkel wëll mat sengem Buch „entre chien et loup“ eng nei Vue op d'Occupatiounszäit zu Lëtzebuerg ginn, notamment wat d'Responsabilitéit vun de Lëtzebuerger ugeet. Et konnt een nämlech ganz laang souwuel Kollaborateur a Resistenzler sinn.

Den Henri Wehenkel (Extrait 1)

Hie wier am Laf vun der Zäit ëmmer manner d'Accord gewiescht mat deem, wat zu Lëtzebuerg als richteg vermëttelt gouf. Am Ausland gëtt et scho méi laang esou eng Geschichtsschreiwung, ma hei am Land wier hien als Enseignant ëmmer méi onzefridde ginn, mat der Manéier iwwert den 2. Weltkrich ze schwätzen.

Den Henri Wehenkel (Extrait 2)

Den Auteur huet a sengem neie Buch 16 Biografien zesummegefaasst, déi solle weisen, datt ee keng Schwaarz-Wäiss-Molerei ka maachen.

Den Henri Wehenkel war iwwerrascht driwwer, datt hien net méi kritiséiert gouf. Fréier hätt bei esou Artikelen anonym Bréiwer kritt, mam Affekot gedreet kritt oder gesot kritt, dass een déi eng oder aner Persoun beleidegt hätt , an dat  obschonns Nimm genannt goufen a mat offene Kaarte gespillt gouf.

Den Henri Wehenkel (Extrait 3)

De 25. Januar ass eng Virliesung vum Henri Wehenkel am CNL zu Miersch.

Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war den Auteur vum Buch "entre chien et loup".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO