
Leit, déi d’Aganksdier vun ëffentlech accessibele Gebaier blockéieren, ouni eng Gefor duerzestellen, kënnen elo vun der Police mat Gewalt fortgeholl ginn, wa si net fräiwëlleg fort ginn. D’Gesetz fir de Platzverweis gouf en Dënschdeg den Owend an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit an de Piraten ugeholl. D’CSV an d’ADR hu sech enthalen, déi Lénk hunn dogéint gestëmmt.
Déi eng soe Platzverweis oder Plazverweis light, de Minister vun der bannenzeger Sécherheet schwätzt léiwer vu Garantie d’accès. Deenen engen hir Beweegungsfräiheet géing ageschränkt ginn, fir deenen aneren hir ze garantéieren, esou d’Rapportrice Stéphanie Empain. D’Beamte sollen d’Persoun als éischt bieden, fir d’Entrée fräizemaachen.
“Falls dës Persoun dësem Rappell à l’ordre net nokënnt, da kann d’Police dës Persoun bieden, d’Plaz ganz ze verloossen. A sollt déi Persoun dann nach ëmmer net dem Opruff vun der Police nokommen, da ka se och mat Force do ewechgeholl ginn. Déi nei Mesure vum Rappell à l’ordre oder vum éloignement ass een Outil vun der Police administrative a se bitt eng ausräichend sécurité juridique souwuel fir de Polizist oder d’Polizistin wéi och fir déi concernéiert Persoun.”
An deem Kontext kann d’Police och Identitéitskontrolle maachen. De Platzverweis wier proportionell, soten d’Vertrieder vun de Majoritéitsparteien, kéint awer net eleng stoen.
D’CSV huet de Projet zum Deel begréisst, esou den Deputéierte Léon Gloden. “Ech stinn haut hei mat engem laachenden an engem kräischenden Aen. Mat engem laachenden Aen, well endlech d’Regierung unerkannt huet, datt d’CSV Recht huet mat hire Fuerderunge säit Enn 2018, datt et e Problem gëtt an datt e Platzverweis muss agefouert ginn.”
Ma fir d’CSV misst et awer en allgemenge Platzverweis ginn. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty sot, et sollt een fir d’éischt mol kucken, wat dat hei Gesetz bréngt, an da kéint een eventuell nach méi wäit goen.
Och der ADR geet de Projet net wäit genuch, d’Regierung wier sécherheetspolitesch net op der Héicht.
An den Ae vun déi Lénk dréit d’Regierung mam Platzverweis zu der Stigmatiséierung vun deene Schwächsten an der Gesellschaft bäi, am Plaz géint Ongläichheeten ze kämpfen, esou d’Nathalie Oberweis.
“Wie si mir, fir déi aner Leit esou z’erniddregen. Wie si mir, déi warscheinlech all Proprietär vun engem Haus oder vu méi Haiser, déi e kontinuéierleche Revenu hunn, eventuell souguer méi wéi een, bequem vun doheem op d’Aarbecht fueren, déi ofgeséchert sinn, iwwert anerer sou ze urteelen, déi déi Chance net hunn.”
D’Piraten hunn d’Gesetz matgestëmmt, den Deputéierte Marc Goergen sot awer, datt ee sech misst bewosst sinn, datt déi Leit och géingen do leien, well se soss néierens hi kéinten.