"Et ass wichteg, géint d'Aarmut ze kämpfen, net géint déi aarm Leit", sou den CCDH-President Gilbert Pregno iwwer de Gesetzesprojet fir de "Platzverweis".

Mam "Platzverweis" soll et an Zukunft fir Poliziste méiglech ginn, eng Persoun aus der Entrée vun enger Wunneng oder engem Commerce fort ze huelen. Dat wier e staarken Agrëff an d'Beweegungsfräiheet, dee Leit viséiere géing, déi krank sinn, grav sozial Problemer hunn an an Aarmut liewen. Et géing sech d'Fro stellen, ob d'Mesure proportionell an néideg wier. D'CCDH géing verstoen, datt d'Leit sech net sécher géinge fillen, ma dofir missten et aner Léisunge ginn.

CCDH-Avis iwwer "Platzverweis" / Reportage Fanny Kinsch

Ier d'Police misst agräifen, sollt d'éischt op d'Sozialaarbecht, d'Gesondheetswiesen oder nach d'Psychiatrie gesat ginn. Zwee Punkte maachen der Mënscherechtskommissioun besonnesch Suergen, sou d'Juristin Anamarija Tunjic: d'Kontroll vun der Identitéit an den Asaz vu Gewalt."D'Police kann eng Persoun, déi d'Konditioune vun der Dispositioun erfëllt opfuerderen, sech ze deplacéieren, a wann dat net geschitt, kann d'Police hir an enger zweeter Phas dat befeelen a falls d'Persoun dann nach ëmmer refuséiert, da ka se mat Force geréckelt ginn. Dat heescht physesch deplacéiert ginn. Mir gesinn dat immens kritesch, mir werfen engersäits d'Fro op, ob dat wierklech néideg a proportionell an dësem Kontext ass, wou eng Persoun jo am Fong geholl net aggressiv oder gewalttäteg ass."
Besser wier et zu deem Zäitpunkt déi sozial Acteure mat anzebannen. Am Gesetz ass da virgesinn, datt d'Police eng Identitéitskontroll maache kann. Allerdéngs wier net präziséiert, ob dat schonn an der éischter, an der zweeter oder eréischt an der leschter Phas ka geschéien."Mir sinn der Meenung, dass dat nëmmen am leschte Fall soll virgesi sinn a mir insistéieren drop, dass dat am Gesetzesprojet präziséiert gëtt."Dat virun allem, wann een och déi aner Projeten aus dem Mesurëpak vun der Regierung géing kucken."Notamment am Beräich vun der Immigratioun, do ass virun e puer Méint de Gesetzesprojet deposéiert ginn, deen als Zil huet d'Ausweisung vu gewëssene Bierger aus Drëttstaaten, déi hei illegal am Land sinn, ze vereinfachen. Mir stellen eis Froen, ob do net e Lien besteet tëschent deene verschiddenen Texter", esou d'Juristin Anamarija Tunji.
D'Mënscherechtskommissioun freet sech, ob duerno mam "Platzverweis"-Gesetz systematesch d'Identitéit vun de concernéierte Persoune soll kontrolléiert ginn, fir se dann net nëmme vun där Plaz, ma aus dem Land fort ze schécken.
Den "Platzverweis" géing kloer d'Consommateure vun Droge viséieren an net d'Drogendealer, esou d'Anamarija Tunjic vun der Mënscherechtskommissioun. Donieft géingen et am Gesetzestext eng Rei onprezis Formulatioune ginn, déi zu juristeschen Onsécherheete féiere kéinten.

"Et ginn eng ganz Rei Begrënnungen, déi oft benotzt ginn, souwuel hei wéi och am Ausland, fir de Platzverweis ze rechtfäerdegen, wéi zum Beispill d'Erscheinungsbild vun enger Stad an hir Attraktivitéit fir d'Touristen, den Ordre public oder ebe virun allem d'Sécherheetsgefill. De Besoin no Sécherheet däerf een och net ignoréieren an et soll een dat eescht huelen, mee et ass awer fir eis wichteg z'ënnersträichen, dass dat sougenannt subjektiivt Sécherheetsgefill an d'Akzeptanz vun enger Mesure vun engem Deel vun der Bevëlkerung net kann eng Mesure justifiéieren, déi sech restriktiv op d'Mënscherechter auswierkt."

D'Mesure wier domat begrënnt, datt een d'Recht op Beweegungsfräiheet vun der Persoun, där hir Entrée blockéiert ass, garantéiere wéilt. D'CCDH géing begréissen, datt de Ministère an deem Beräich vun de Mënscherechter sensibiliséiert wier, esou d'Anamarija Tunjic. Nawell hätten déi Leit, déi vun der Mesure viséiert sinn, och e Recht op Beweegungsfräiheet, dat heimat ageschränkt gëtt.

D'Anamarija Tunjic, Juristin bei der Mënscherechtskommissioun, huet och drop opmierksam gemaach, datt d'Regierung bei der Reform vum Policegesetz nach kloer géint en "Platzverweis" war - elo hätt se eng 180-Grad-Wendung gemaach.

Extrait Anamarija Tunjic

"De Kontext, an deem dëse Gesetzesprojet presentéiert ginn ass, fanne mer och immens beonrouegend, a mir maachen eis och Suergen, wann et drëms geet, wéi eng Leit, wéi eng Zilgrupp haaptsächlech riskéiert, dovunner betraff ze ginn. De Gesetzesprojet ass am Hierscht d'lescht Joer als Deel vun engem Katalog vu Mesuren, fir d'Drogekriminalitéit hei zu Lëtzebuerg unzegoen, presentéiert ginn, an als wichtege Moyen duergestallt ginn, fir géint Drogendealer a Consommateure virzegoen. Mir stellen och am Generelle fest, datt d'Regierung ëmmer méi op repressiv Mesuren an deem Beräich setzt a sech net genuch fokusséiert op déi ekonomesch a sozial Hannergrënn vun dësem Phenomen."

De Ministère fir bannenzeg Sécherheet reagéiert an engem Schreiwes

Wéi et e Freideg den Owend aus dem Ministère heescht, wier den Avant-projet de loi iwwer d'Garantie d’accès kee "Platzverweis" am klassesche Sënn, mee et géing virun allem dorëm goen "déi fräi Zirkulatioun" ze garantéieren an der Police d'Méiglechkeet ze ginn, Leit ze deplacéieren, déi dës aschränke géingen. D'Police géif an deem Ament och enk mat de Soziale Servicer zesummeschaffen.

Am Mesurëpak, an deem just dräi Mesurë repressiv wieren, géing ee wäert op eng "holistesch Approche" nom Prinzip vun der gedeelter Responsabilitéit leen.

De Communiqué

Réaction du ministère de la Sécurité intérieure suite à l’avis du CCDH concernant l’avant-projet de loi sur la garantie d’accès (03.06.2022)

Communiqué par : ministère de la Sécurité intérieure

 

Suite à la conférence de presse de la Commission consultative des droits de l'homme (CCDH) de ce jour sur l’avant-projet de loi sur la garantie d’accès, le ministère de la Sécurité intérieure souhaite réagir et apporter quelques précisions.

Avant tout, le ministère remercie la CCDH pour son avis dans ce dossier sensible et comprend sa position.

Il convient néanmoins de préciser que cet avant-projet de loi ne constitue aucunement un «Platzverweis» au sens commun du terme, mais une mesure visant à garantir la libre circulation de tout un chacun et à donner à la police les moyens de déplacer la ou les personnes entravant cette liberté. Cette mesure se ferait en collaboration avec les services sociaux, chargés d’assurer une prise en charge adéquate.

Le catalogue de mesures adopté en octobre 2021 par 5 ministères, contient actuellement 26 mesures. Seules 3 d’entre elles sont répressives. La prévention constitue d’ailleurs une priorité du ministre et de la police grand-ducale. La police travaille en collaboration active avec les acteurs sociaux des communes pour prendre en charge les personnes vulnérables et éviter la stigmatisation de celles-ci.

Comme annoncé en 2021, des réunions régionales d’information auront lieu au mois de juillet prochain dans les 4 directions régionales de la police pour présenter aux communes les différents moyens et outils que propose le paquet.

L’objection est notamment de renforcer la collaboration avec les autorités locales, dans une approche holistique et selon le principe de responsabilité partagée.