Aggressioune géint RettungsdéngschterGesetzestext gesäit maximal 5 Joer Prisong an 12.500€ Strof vir

Claudia Kollwelter
Zejoert goufen 63 Iwwergrëff op Secouristen a Polizisten gemellt, woubäi ee hei vun enger Donkelziffer ausgoe muss.

D’Agresséiere vu Secouristen a Poliziste gëtt an Zukunft mat bis zu 5 Joer Prisong a bis zu 12 500 Euro bestrooft – dat gouf en Dënschdeg de Mëtteg mat engem Gesetzestext um Krautmaart festgehalen. Den Text gouf unanime an der Chamber ugeholl.

Datt d'Aggressioune géint Rettungsdéngschter a Sécherheetsdéngschter inacceptabel wier doriwwer war ee sech eens. Zejoert goufen 63 esou Iwwergrëff gemellt, woubäi ee vun enger Donkelziffer ausgoe muss. Deem soll elo entgéint gewierkt ginn wéi d'Rapportrice vum Projet de Loi, Stephanie Empain betount:

D'Rapportrice vum Projet de Loi, Stephanie Empain

"Duerch eng méi konkret Definitioun vun den Akten vun Aggressioun vun de Persoune géint déi se geriicht sinn, also och déi Leit, déi un enger Missioun de sécurité civile deelhuelen an dës Strofen déi elo z'applizéieren sinn."

D'Aféierung vu Sanktioune wier eng Reaktioun heirop an e wichtege Schratt fir d'Membere vun de Rettungsservicer besser ze protegéieren. Mat der Gesetzesännerung sinn d'Rettungsdéngschter, d'Douanièren, d'Zaldoten an och anerer déi fir d'ëffentlech Sécherheet am Asaz sinn, ofgedeckt.

Den CSV Deputéierten Gilles Roth huet drop opmierksam gemaach datt kloer gestallt muss ginn wat iwwerhaapt ënnert Rebellioun fält - eng verbal Aggressioun nämlech zum Beispill fält net dorënner. Och de Justizminister Felix Braz huet dee Punkt ervir gehuewen a präziséiert datt d'Rebellioun eppes ass dat duerch genuch Jurisprudenzen hei zu Lëtzebuerg definéiert ass, an eng kloer a präzis Bedeitung huet. Net alles wat d'Aarbecht vun dëse Leit stéiert, wier och automatesch eng Rebellioun am Sënn vum Code pénal. Dëst ze definéieren wier fir de Justizminister eng gutt Iddi.

De Justizminister Felix Braz

De Justizminister Felix Braz huet nach ënnerstrach datt et net just ëm de Message géing goen, datt ee penal méi streng wäert virgoen, mä datt een och betoune muss datt een eng Kultur weider developpéiere muss fir datt d'Leit hir Aarbecht uerdentlech kënne maachen.

D'Inneministesch Taina Bofferding huet betount datt ee méi streng Strofen brauch fir d'Leit am Asaz ze protegéieren. Et soll heeschen: Null Toleranz vis-à-vis vu sou Verhalen an Aggressiounen géint d'Rettungsservicer.

Back to Top
CIM LOGO