
Nieft der Diskussioun iwwer nei Delaien, fir de Rappell fir d’Anti-Covid-Impfungen ze kréien, gouf et e Mëttwoch am Regierungsrot de Feu vert fir de Bau vun engem Vëlodrom mat enge 27.000 Meter-Carré zu Munneref beim Futtballterrain. D’Käschte fir dëse Vëloskomplex mat 1.000 Plazen dierfte sech op eng 70 Millioune chiffréieren.
Da gouf d’Missioun vun der Lëtzebuerger Arméi am Mali ëm 2 Joer an dëser Sahel-Regioun verlängert.
Géint sexuellen Abus an d’sexuellt Ausnotze vu Mineure wëll e Gesetzesprojet virgoen, deen och e Mëttwoch vun der Regierung ugeholl gouf: esou gëtt eng nei autonom Infraktioun geschaaft, bei Delikter a Crimmen, déi en Inzest duerstellen. Och d’Verjärungs-Delaie fir sexuellen Abus ginn eropgesat.
Komplett iwwerschafft goufen d’Logements-Hëllefen a Subventiounen: sou ginn et Hëllefen, wann ee lount, wann ee keeft, wann ee renovéiert oder och en Haus energetesch sanéiert.
Zum Beispill gëtt d’Minimal-Dauer vun der Wunndauer, fir eng Aide ze kréien, vun 10 op 2 Joer erofgesat.
Och d’Whistleblower kréien an Zukunft eng juristesch Protektioun hei am Land.