Invité vun der Redaktioun (27. Juni): Gilles EvrardGesondheetsberuffer: Geschwënn e Kollaps an der Ausbildung

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie war de President vun der Associatioun vun den Enseignante fir Gesondheetsberuffer ALEPS Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Gilles Evrard
E Mëttwoch de Moie war de President vun der Associatioun vun den Enseignante fir Gesondheetsberuffer ALEPS Invité vun der Redaktioun.

"Wa mer net wëllen, datt déi lescht Lëtzebuerger Infirmière geschwënn am Musée steet, ass elo de Moment fir aktiv ze ginn", dat sot um Mëttwoch de Moien de President vun der Associatioun vun den Enseignante fir Gesondheetsberuffer ALEPS, de Gilles Evrard bei eis am Studio.

De Professer am LTPS warnt, datt et geschwënn zu engem Kollaps an der Ausbildung kënnt. Déi lescht 7 Joer wier d'Zuel vun de Schüler a Schülerinnen an der Lycée fir d'Gesondheetsberuffer ëm ronn en Drëttel eropgaangen. Et sinn awer absolut keng Enseignante bäikomm.

Den Ament géife largement méi Leit an d'Pensioun goen, wéi neier an de Stage kommen. Et hätt ee scho mat Bréiwer virun 10 Joer op d'Situatioun opmierksam gemaach, sou eisen Invité. Et wier awer näischt geschitt.

D'ALEPS schwätzt vun engem chronesche Personalmanktem, dee sech op verschidden Aart a Weisen ausdréckt.

Extrait Gilles Evrard (1)

Leit mat Beruffserfarung, fir Enseignantsposten ze fannen, wier schwéier. D'Anciennetéit géif net deementspriechend unerkannt an d'Pai net stëmmen. An deem Kontext begréisst d'ALEPS d'Ofschafe vun der 80-80-90-Regel. Allgemeng misst awer méi Promotioun fir dëse spezifeschen Enseigantsberuff gemaach ginn.

Méi Promotioun och fir d'Gesondheetsberuffer allgemeng. Den Infirmiersberuff hätt nach ëmmer en Imageproblem, deen och duerch en Eropsetze vun der Formatioun vu BTS op de Bachelorniveau verbessert kéint ginn. Donieft waarden d'Enseignanten an d'Schüler am LTPS dringend op nei Infrastrukturen am Haaptgebai an der Stad.

Extrait Gilles Evrard (2)

Et ginn och nach ëmmer net bäi wäitem genuch Leit als Infirmière oder Infirmière hei am Land forméiert, fir de Besoin um Terrain ze decken. Déi lescht 4 Joer, si grad mol 10% vun den "autorisations d'exercer" u Lëtzebuerger gaangen, sou de Gilles Evrard.

E Mëttwoch de Moie war de President vun der Associatioun vun den Enseignante fir Gesondheetsberuffer ALEPS Invité vun der Redaktioun.

PDF: Pressecommuniqué zu der Pressekonferenz

Back to Top
CIM LOGO