An den nächsten 3-6 Méint schonn sollen d'Leit konkret Verbesserungen an den Urgencen feststellen. Dat Verspriechen huet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch um Donneschdeg de Moien nach emol bei eis op der Antenn widderholl. Patiente sollen an den éischten 10 Minutten en Charge geholl ginn. Fir dat z'areechen, goufen am Kader vun engem Audit eng Abberzuel Mesuren ausgeschafft. E strukturelle Problem gëtt et zum Beispill haut nach an der Stad, well sech CHL an Hôpitaux Robert Schuman all Dag mat der Garde ofwiesselen. Dat soll sech d'nächst Joer am Kader vun engem Pilotprojet änneren.
Et kommen all Joer vill Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg, déi eise Fonctionnement vum Gesondheetssystem net am Detail kennen an dacks Tendenz hunn éischter an d'Urgence ze goen. Dowéinst goufen Informatiounsbroschüren a ville verschiddene Sproochen ausgeschafft. Leit sollen och kënnen iwwert eng nei App "dispo-doc" gesinn, wou nach en Dokter an engem senger Ëmgéigend no 17 Auer disponibel ass.
D'nächst Woch gëtt an der Chamber iwwert de Gesetzprojet ofgestëmmt, deen eng medezinesch Notzung vun therapeuteschem Cannabis erlaabt. Dee Projet hätt mat zu enger Enttabuiséierung bäigedroen, sot d'Lydia Mutsch um Donneschdeg de Moien. Andeems ee seet Cannabis kann a verschiddene Froen nëtzlech si fir e medezineschen Traitement hätt dat dozou gefouert, datt d'Bereetschaft an der Gesellschaft fir iwwert déi Fro ze schwätzen gewuess ass. Eng ëffentlech Petitioun iwwert d'Legaliséierung vum Cannabis huet dëser Deeg jo all Rekorde geknackt. D'LSAP-Gesondheetsministesch geet dovunner aus, datt an engem nächste Regierungsprogramm méi kloer dra stoe kënnt wat se an dëser Fro maache wëll. D'LSAP-Positioun am Walprogramm wollt si um Donneschdeg de Moien nach net verroden. De Programm wier nach an der Diskussioun an e wäert um Programmkongress Mëtt Juli presentéiert ginn. Iwwer d'Fro vum Legaliséiere vum Cannabis géif elo schonn diskutéiert ginn. Eis Gesellschaft wier ganz widderspréchlech... op der enger Säit wier den Alkohol an alle Liewenslagen salonsfäeg, an op der anerer Säit riskéiert e Jonken, deen 3 Gramm Cannabis bei sech huet, e Casier ze kréien. Dat wier net nëmmen deene Jonke ganz schwéier ze erklären. Et ass och eng Gesellschaft, déi sech d'Fro muss stellen, wéi ginn ech ëm mat Suchtmëttelen a Genossmëttelen, firwat ass dat eent toleréiert an normal, an dat anert verdäiwelt.
An awer misste besonnesch Mannerjäreger sech de Gefore vum Cannabis bewosst sinn.
Eis Gesellschaft ass ganz widderspréchlech. Alkohol wier salonsfäeg an alle Liewenslagen, beim Besëtz vun 3 Gramm Cannabis riskéiert een awer e Casier.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
