HabschtGespär vun Haus huet gebrannt, Strooss war gespaart

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Problemer am Trafic hat e Feier zu Habscht gesuergt, wéi et an der Rue Kreuzerbruch gebrannt hat.
© Domingos Oliveira

D’Police hat direkt matgedeelt, datt een dës Plaz groussraimeg ëmfuere sollt, well d’Strooss wéinst de Läschaarbechten a béid Richtungen huet misste gespaart ginn.

RTL-Informatiounen no waren eng 30 Pompjeeën op der Plaz am Asaz, fir d’Feier ënner Kontroll ze kréien. De CGDIS präziséiert, datt et d’Ekippe vu Stengefort, Habscht, Mamer, Kielen an der Stad waren. Géint 19.40 Auer krut de CGDIS d’Feier gemellt an d’Läschaarbechte hu bis ronn 21.30 Auer gedauert.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO