Am Virfeld zur TripartiteGespréicher mat Gewerkschaften a Patronat

Jean-Marc Sturm
Et geet Richtung eng weider Tripartite. De Premier Bettel huet sech dofir vun e Sonndeg un 3 Deeg am Calepin fräigehalen.

Virschau Bipartitten / Jean-Marc Sturm

Do virdru sinn et separat Gespréicher mat Gewerkschaften an dem Patronat, an déi ginn e Mëttwoch lancéiert. Um Dësch misste méi detailléiert Chiffere vum Statec leien.

Et geet ëm d’Kafkraaft, d’Situatioun an den eenzele Secteuren an d’Aarbechtsplazen. Wat reng d’Inflatioun betrëfft, geet een allgemeng vun enger weiderer Indextranche dëst Joer an op d’mannst zwou d’nächst Joer aus. Dobäi soll am Abrëll déi verréckelt Tranche ausbezuelt ginn. Ouni awer den Accord vum OGBL. Keng evident Situatioun an engem Superwaljoer.

Elo kann ee gespaant sinn, wéi et weidergeet. De Premier Bettel sot am Virfeld: “Fir mech ass et wichteg, dass de Point de Depart dee selwechten ass. Ech hu kee gutt Gefill, wann ee vun de Sozialpartner mengt, dass ee bei der Analyse net eens ass. Et muss een op gemeinsam Positioune kommen”

Fir de President vum Patronat Michel Reckinger soll et bis an den Detail goen. “Et geet ëm den Detail an den eenzelen Acteuren, wéi se do stinn, aus de Bilanen eraus. Dat ass wichteg, fir dann ze kucken, wéi et viru geet”

Beim OGBL erwaart ee kloer Äntwerten. D’Gewerkschaftspresidentin Nora Back: “Et ass kloer, dass mer an enger Energiekris sinn an dass dat sécher ee Sujet wäert ginn. Wéi ass et elo mat de Gaspräisser an de Stroumpräisser?”

Fir de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff ass et primordial, dass ee sech bei der Analys vun der Situatioun eens gëtt. Wann ee sech bei der Analys schonn net eens gëtt, dann ass et ganz schwéier, zu engem Resultat ze fannen. “Fir eis ass et wichteg, dass mer fiabel Donnéeë kréien an dass sech emol Zäit gelooss gëtt, fir ze diskutéieren. Et geet jo och drëm, eng Analyse ze maachen. A wann ee bei der Analyse net erauskënnt, dann ass et ganz schwéier, zu engem Resultat ze kommen”

Do kann een emol gespaant sinn. D’Gespréicher fänken e Mëttwoch am spéiden Nomëtten un, dat um 14 Auer mam Patronat an um 16.30 Auer mat de Gewerkschaften. Géint 18 Auer soll dann d’Press informéiert ginn.

Virun zwou Wochen hat de Premier Xavier Bettel deklaréiert, d’Regierung wéilt “spierbar” Hëllefsmesüre fir d’Leit bis an d’Mëttelschicht eran a Mesuren, déi d’Aarbechtsplazen an den aktuelle Wuelstand ofsécheren. Nodeems d’Indextranche vu Juli laut Akkord vu Mäerz verréckelt gouf op den nächsten Abrëll, ass nach net gewosst, wéi et mat weideren Indextranche soll weidergoen. Notamment eng, déi nach dëst Joer soll erfalen. De Xavier Bettel sot virun zwou Wochen awer op d’mannst, datt et schwéier wier, den Index “Null” z’applizéieren. Fir d’Verréckele vun der Indextranche vu Juli gouf et Kompensatiounsmesuren, dorënner en degressiv gestaffelte Steierkredit.

Back to Top
CIM LOGO