
De Musée huet am Kader vu sengem 30. Anniversaire nämlech ee Living amenagéiert, deen zanter Kuerzem op ass, fir de breede Public, huet de d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ënnerstrach.
Mat Bléck op Allerhellegen goufen e puer Zuele genannt iwwer d'Stater Kierfechter. An der Stad Lëtzebuerg géing et eng Tendenz no uewe ginn, fir sech verbrennen ze loossen, constatéiert d'DP-Buergermeeschtesch. Nodeems am Summer um Kierfecht zu Hollerech Kräizer a Figure geklaut goufen, géingen elo Sécherheetsfirmaen op den 13 Stater Kierfechter zirkuléieren, gouf op Nofro vun der Press präziséiert.
Weider goufen eng Partie Zuele presentéiert, respektiv rappeléiert, a punkto Logement, déi och schonns am Kader vun der Semaine du Logement virun zwou Woche genannt goufen. D'Terraine wieren do, mee et misst och gebaut ginn. Iwwer 2 .500 abordabel Logementer wiere minimum an de PAPe virgesinn, déi scho gestëmmt wieren.
Fir ofzeschléissen gouf et dann nach e bësse méi "liichte Kascht", wéi d'Lydie Polfer et formuléiert huet. De 7. November gëtt den traditionelle Beemchen geliwwert an op der Plëss opgeriicht, huet den CSV-Schäffe Maurice Bauer präziséiert. E soll 15 bis 17 Meter héich sinn.
D’Winterlights sinn dëst Joer vum 20. November bis den 3. Januar.