IMS LëtzebuergD'Aarbechtswelt fit maache fir den Ëmgang mat KI

Pit Everling
D'Digitaliséierung an d'Kënschtlech Intelligenz revolutionéieren d'Welt, och d'Beruffswelt. Entreprisen an hire Leit déi néideg KI-Kompetenze fir d'Aarbechtswelt mat op de Wee ginn, ass d'Zil vun engem Projet vun "IMS Lëtzebuerg".

En Dënschdeg war eng Konferenz am Forum Geesseknäppchen, fir en Tëschebilan ze zéien, dat a Presenz vun der delegéierter Ministesch fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue. Déi onofhängeg ASBL "Inspiring More Sustainability" vermëttelt nohalteg a responsabel Strategien. Wat bedeit d'Arrivée vu KI an der Aarbechtswelt a wéi soll een domat ëmgoe fir d'Zukunft?

D'Aarbechtswelt fit maache fir den Ëmgang mat KI / Reportage: Pit Everling

Den aktuelle Projet soll Äntwerte liwweren a Kompetenzen developpéieren. De Programm gëtt vun der Nathalie Schroeder geréiert. Si seet, datt et net an éischter Linn ëm technesch KI-Kompetenze geet:

"Mee et si wierklech éischter déi mënschlech Kompetenzen, déi am Fokus sinn an déi an Zukunft och ëmmer méi wichteg wäerte sinn, dat heescht, dat ass kritescht Denken, dat ass d' Kommunikatioun, dat ass d' Zesummenaarbecht."

Nathalie Schroeder vun IMS Lëtzebuerg.
Nathalie Schroeder vun IMS Lëtzebuerg.
© Pit Everling

D'KI kéim mat enger ganz anerer Vitess wéi aner Revolutiounen. An de Workshops goung et ënner anerem ëm de Ressourcëverbrauch, ëm de gesellschaftlechen Impakt oder nach ëm de Gebrauch vu KI bannent den Ekippen.

"Wann ee vun eisen Teammemberen d'KI applizéiert, wat huet dat fir en Impakt op de Rescht vun de Memberen? Virun allem: Seet en, dass en et mécht? Seet en et net? Dat si ganz verschidde Situatiounen. An dann: wat huet d'KI fir en Impakt op dech als Persoun?"

D'Nathalie Schroeder seet nach, datt et wichteg wier, datt dat, wat Leit an der Formatioun léieren och laangfristeg bäibehalen an ëmgesat gëtt.

Zu Lëtzebuerg wiere mer am IT-Beräich gutt opgestallt an den Interessi an de Firme fir d'KI wier grouss. 11 Entreprisen hu beim Pilotprojet matgemaach, dat si ronn 165 Leit, ënner anerem Bankemployéen. Um Projet bedeelegt, ass de Steve Melan vun der Spuerkeess.

"Wou setze mer déi hei an? Wéi setze mer se ëm? Wéi kréie mer et och hin, dass eis Benotzer, intern an der Bank an och extern vun der Bank, eis Clienten, et verstinn, wat mer do maachen. An ech mengen, dat ass e wichtege Punkt, dass een, intern mam Personal kommunizéiert, an dat war immens wichteg och an deene Workshoppen, wat mer erausfonnt hunn, ass dass mer, wéi mer mat eisem Personal kommunizéieren, wéi mer déi Formatiounen ubidden an eebe wëlle mer och erausfannen, op wéi engem Niveau all eenzel Persoun ass."

De Steve Melan wëll d'Mataarbechter iwwerdeems berouegen. D'Aarbecht wäert sech änneren, seet hien, mä et wäert keen den Job verléieren. De Reseau "IMS" huet iwwregens 240 Memberen.

Back to Top
CIM LOGO