Police sicht no ZeienGewaltsam Ausernanersetzung tëscht engem Mann an enger Fra um Bridel

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Fall vu Kierperverletzung um Bridel a vun engem geklaute Camper zu Schlënnermanescht sicht d'Police elo no Zeien.

De Sträit tëscht engem Mann an enger Fra huet sech e Samschdeg, den 10. Juni géint 21 Auer op dem Parking vun engem Restaurant an der Rue Lucien Wercollier zougedroen.

Aenzeie si gebieden, sech um Policebüro vu Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail (Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu) ze mellen.

D’Police sicht dann och nach am Fall vun engem geklaute Camper no Ënnerstëtzung aus der Bevëlkerung. An der Nuecht vum 5. op de 6. Juni ass tëscht 20 Auer a 7 Auer an der Rue Principale zu Schlënnermanescht ee wäisse Camping-car vun der Marke KNAUS (Modell SKY T4) vun engem privaten Terrain geklaut ginn. De Won huet d’Plackennummer EF4446 (L).

Zeie si gebieden, sech beim Policebüro Dikrech/Vianen ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO