Den Educatiounsministère plangt jo, d'Opdeelung an A- a B-Gruppen opzehiewen. Déi definitiv Decisioun soll e Freideg am Regierungsrot geholl ginn.
RTL-NEWS: Getrennten A/B-Klasse kéinte fir 2 lescht Wochen opgehuewe ginnFir den SNE, d'Enseignantsgewerkschaft am Fondamentale vun der CGFP, misst den administrativen Opwand awer sou kleng wéi méiglech gehale ginn. Wa just d'Kanner zesummegeluecht ginn an de Rescht net nees ännert, wär et an der Rei. Et dierft net nees alles op d'Kopp gehäit ginn, seet de President Patrick Remakel:
"Fir eis ass kloer: wann dat Eenzegt, wat ännert ass, datt d’Kanner zesummegeluecht ginn, datt net eng nei Schoulorganisatioun, datt net nees de Bustransport muss nei gemaach ginn. Datt den Horaire bleift, datt mëttes d’Betreiung d’selwecht funktionéiert, da kéint et klappen, datt mer nees normal funktionéieren."
Fir den SEW kann en Zesummeleeë vun de Gruppen net séier genuch goen. D'Enseignantsgewerkschaft vum OGBL war bis haut net zefridde mat den A- a B-Gruppen an hätt am léifsten, datt d'A- a B-Gruppe sou séier wéi méiglech opgehuewe ginn an d'Schüler scho vum nächste Méindeg un nees all zesummen an d'Schoul ginn, sou de President Patrick Arendt:
"Ech denken, datt mer wäerten nach eng Kéier en Appell maachen un den Här Meisch a soen: Komm mir waarden net bis Juli! Wann ee gesäit, wéi d’Situatioun och dobaussen evoluéiert, wéi d’Kanner zesumme kommen, wéi d’Gesellschaft elo mat der Situatioun ëmgeet, denken ech, datt ee sou séier wéi méiglech – a fir eis am beschte schonn d’nächst Woch – déi Gruppe rëm soll opléisen an d’Kanner zesumme bréngen. Notamment, wou ee gesäit, datt d’Kanner permanent zesumme sinn a spillen. Ausserhalb vun der Schoul nees eng gewëssen Normalitéit erreecht hunn, déi ee sou séier wéi méiglech nees soll an der Schoul aféieren."
Anescht gesäit et am Lycée aus. D'Proffegewerkschaft Féduse gesäit keng Noutwendegkeet a keng Plus-value doran, fir nees d'Klassen zesummenzeleeën. Am Lycée sinn d'Klassen deels och vill méi grouss, bis zu 30 Schüler si méiglech an och d'Prüfungen si bis d'Enn vum Schouljoer an de getrennte Gruppe geplangt.
Wéi gutt ass et dann elo déi lescht Woche mat den A- a B-Gruppe gelaf? Och do ginn d'Meenungen auserneen.
Et war e „Kraftakt“ alles z'organiséieren, seet de Patrick Remakel, President vum SNE, mä et ass gutt gelaf:
"Ech mengen, et ass gutt geschafft ginn an de leschte Wochen. Wat an de Léiergruppe flott war, ass, datt ee just d'Hallschent vun de Kanner huet an een also méi intensiv zesumme schaffe konnt. D'Zesummenaarbecht tëscht dem Léier- an dem Übungsgrupp huet och gutt funktionéiert. Et war méiglech, jidderengem gerecht ze ginn, deenen, déi e Retard opgebaut hunn an deenen, déi bis elo alles richteg suivéiert hunn. Den A- a B-System huet gutt funktionéiert an d'war richteg Schoul."
De Patrick Arendt, President vum SEW, gesäit dat anescht. Et misst ee vill mat de Schüler opschaffen. D'A a B-Gruppe wieren net am Sënn vun de Kanner:
"Dass mer do wierklech en Noutprogramm an der Schoul hunn an een elo scho muss feststellen, datt déi iwwer 2 Méint, wou d'Kanner doheem sinn, Spueren hannerlooss huet. An de Schoulen ass et schwiereg, mat de klenge Gruppe koherent mat de Kanner ze schaffen, notamment, wann d'Kanner eng Woch net méi kommen. Dat ass all Kéiers wéi eng kleng Vakanz. Fir eis wier et immens wichteg, sou séier wéi méiglech d'Gruppen zesummenzekréien."
Eng definitiv Decisioun, ob a wéini genee d'Klassen nees zesummegeluecht ginn, soll e Freideg am Regierungsrot geholl ginn.
Bei der nationaler Elterevertriedung géifen 2/3 vun de Representante sech skeptesch weisen, wat d’Zesummeféiere vun de Gruppe virum Enn vum Schouljoer ugeet, esou de President Alain Massen. D’Angscht virun der Ustiechungsgefor wier net de Grond.
Mee et ass éischter esou, d’Kanner hu sech gewinnt un déi kleng Gruppen. Et ass och esou, datt se an de klenge Gruppe vill méi intensiv schaffen, wat Verschiddenen och zegutt kënnt. Och wann et eng Woch iwwer déi aner ass. Dann dierf een net vergiessen, dass d’Elteren sech och hu missen organiséieren mat hire Patronen.
Wat d’Lycéeën ugeet, wären d’Prüfunge scho fir déi verschidde Gruppe fixéiert, déi Organisatioun géif dee Moment och nees op d’Kopp geheit ginn.