Reaktioun op de BudgetsprojetGewerkschafte waarden op eng méi breet Steierreform

Jean-Marc Sturm
D'Regierung wäert virun allem och un hiren Aussoen a Saache Steiere gemooss ginn, heescht et bei OGBL an LCGB.
Gewerkschafte waarden op eng méi breet Steierreform
D’Regierung wäert virun allem och un hiren Aussoen a Saache Steiere gemooss ginn, heescht et bei OGBL an LCGB.

Mat den aktuelle punktuellen Annoncen dierft et net gedoe sinn. D’Gewerkschafte waarden op eng méi breet Steierreform. D’Gewerkschafte begréissen awer och, dass et keen Austeritéitsbudget ass an dass d’Investissementer héichgehale ginn trotz enger gewësser Spuerrhetorik.

Bei der Staatsbeamtegewerkschaft ass een ënnert anerem op Aussoe vum Finanzminister iwwert méi effizient Fonctionnementskäschte beim Staat agaangen. Do misst derfir gesuergt ginn, dass de Staat an d’Fonction publique hiren Aufgaben nach kënne gerecht ginn.

Et wëll ee sech der Digitalisatioun net verschléissen, mä déi dierft net zu Personalofbau beim Staat féieren.

Back to Top
CIM LOGO