OGBL an LCGB virun der ChamberGewerkschaften hu géint Liberaliséierung vun den Aarbechtszäiten demonstréiert

Fanny Kinsch
Virun der Chamber hunn e Mëttwoch de Mëtte Membere vum OGBL an LCGB géint d'geplangte Liberaliséierung vun den Aarbechtszäite manifestéiert.
Gewerkschaften hu géint Liberaliséierung vun den Aarbechtszäiten demonstréiert
Virun der Chamber hunn e Mëttwoch de Mëtte Membere vum OGBL an LCGB géint d’geplangte Liberaliséierung vun den Aarbechtszäite manifestéiert.

Eng 60 Leit waren de Gewerkschaften no op der Plaz, virun allem Personalvertrieder aus dem Commerce. Et goung engersäits ëm d’Sonndesaarbecht, anerersäits ëm méi laang Ëffnungszäiten ënnert der Woch. Et wéilt een den Deputéierten aus den Aarbechts- a Wirtschaftskommissiounen, déi e Mëttwoch de Mëtte Reunioun mat den zoustännege Minister haten, awer och ze verstoe ginn, dass hei net just de Commerce concernéiert wier, esou den Tiago Afonso vum LCGB.

“Den Nettoyage, et concernéiert d’Sécherheet, et concernéiert den Transport, d’Logistik, et concernéiert ganz vill Beräicher. Ech si mer net bewosst, ob si dat wëssen, wéi wäit dat heite geet, dee Sujet. Et ass wichteg fir eis, dass mir eis do zesummesëtzen an ebe verhandelen. Duerch Kollektivverträg hu mer d’Saache ganz oft geléist. D’Sonndesaarbecht ass e Beispill. D’Leit konnte maximal bis véier Stonnen den Dag schaffen. Wéinst de Kollektivverträg krute mer et hin, dass se bis maximal aacht Stonnen och erëm kënne schaffen. Firwat hu mer, mir hunn do eng Léisung fonnt, firwat solle mer net hei bei den Ëffnungszäiten eng Léisung fannen?”

D’Maniff e Mëttwoch war den Optakt vun enger Rei vun Aktiounen, mat deenen d’Gewerkschaften hir Onzefriddenheet iwwert d’Pläng vun der Regierung wëllen ausdrécken. En Donneschdeg steet dofir och nach eng Pressekonferenz um Programm.

Reaktiounen aus der Politik

D’Regierung géing bei der Liberaliséierung vun den Aarbechtszäiten aus engem Bauchgefill eraus handelen, fir eng neoliberal Ideologie ëmzesetzen. Dee Reproche koum e Mëttwoch direkt e puer mol aus de Reie vun der Oppositioun no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamber-Aarbecht- a Wirtschaftskommissioune mat den zoustännege Minister. Et géinge keng Etüde ginn, wéi d’Situatioun haut ass, wat d’Besoine sinn, oder wat den Impakt vun den neie Gesetz kéint sinn, huet den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel gesot.

“Mir haten och gefrot, et gëtt jo deen ominéise Sozialdësch, deen eng Kéier soll kommen, mir hunn déi zwee Ministere gefrot, déi eis och gesot hunn, si wären och op deem Sozialdësch dobäi, wat dann do géif geschwat ginn. Déi zwee Ministere konnten eis dozou iwwerhaapt näischt soen a mir hunn och dofir gesot, et wär vläicht awer derwäert fir ze waarden, wat an deem Sozialdësch géif erauskommen, ier mer elo weider Gesetzer stëmmen, déi awer e ganz groussen Impakt op d’Salariéen hunn, op d’Aarbecht hunn an op d’Vie sociétale, op d’gesellschaftlecht Liewen. An dofir, et muss ee soen, dat hei ass wierklech eng Navigation à vue, mat vill Bauchgefill, mee ouni richteg Fakten.”

Änlech Aussoe koume vun den Deputéierte vun déi gréng an déi Lénk.

Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles huet op en Neits widderholl, et géing een hei enger Jurisprudenz Rechnung droen an et wéilt ee vun enger Situatioun mat villen Derogatioune fortkommen.

“Wat hu mer hei gemaach? Mir hunn hei d’Kollektivverträg massiv gestäerkt, well mer nämlech hei d’Méiglechkeet hunn, all Derogatioun, déi am Moment de Minister gëtt, déi kann de Minister an deem neien Text net méi ginn, mee déi mussen am Kollektivvertrag gereegelt sinn. Dat heescht, mir hunn hei vill méi eng grouss Ouverture an dem Text, dass Kollektivverträg kënne verhandelt ginn, fir Exceptiounen ze maachen, wéi dat iwwerhaapt virdrun de Fall war.”

Dat wier dann zum Beispill fir Samschdes no 19 Auer Owes, Sonndes no 7 Auer oder 24 Stonnen opzemaachen.
Den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo sot, hie géing näischt u sengem Gesetzesprojet änneren, bis den Avis vum Staatsrot do wier.

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz, President vun der Aarbechtskommissioun a fréiere Gewerkschaftler, sot dozou, hie géing verstoen, datt eng gewëssen Onsécherheet besteet, net just wéinst deenen zwee Gesetzprojeten an datt d’Gewerkschafte mobiliséieren an op hir Problematik hiweisen. Et wier wichteg, datt d’Kollektivvertragspolitik gestäerkt gëtt, esou de Marc Spautz: “Wou een elo nach näischt ka soen, well d’Regierung jo selwer seet, dass keng Etüde virleien, wat herno wäert den Enjeu sinn a wéi vill Betriber dorop och zréckgräifen.”

© Fanny Kinsch / RTL

Back to Top
CIM LOGO