"D'parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwert en Theaterstéck, wat ëm Homosexualitéit geet, war déi beschte Promotioun fir d'Mënscherechter am Kontext vum 70. Anniversaire vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter, déi et konnt ginn." Dat ass d'Reaktioun vum President vun der Mënscherechtskommissioun op d'Polemik ëm "Ein Känguru wie du".
Um Méindeg de Moie war de Gibert Pregno eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der CCDH deelt d'Appreciatioun vun Amnesty International, datt Rechter a Fräiheeten, fir déi laang gekämpft goufen, haut nees a Fro gestallt ginn, duerch Populisten an autoritär Regimmer notamment.
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun bleift bei hirer fundamentaler Kritik un der Zitat "mënschenonwierdeger" Praktik wéi mannerjäreg Demandeurs d'asile hei am Land ënnersicht ginn, fir hiren Alter ze bestëmmen.
Viru Kuerzem hat d'CCDH sech an engem Rapport schockéiert driwwer gewisen, datt d'Geschlechtsdeeler vu Mineuren heifir ënnersicht a fotograféiert ginn. Den Ausseministère huet dës Praktik verdeedegt. De Gilbert Pregno gëtt sech awer mat der Äntwert vum Ministère net zefridden a verlaangt, datt sech den Ausseminister Jean Asselborn dëser Saach onbedéngt unhëlt. Hie géif dovunner ausgoen, datt an den nächste 6 Méint do eng Entwécklung kënnt, sot de Gilbert Pregno um Méindeg de Moien.
Allgemeng misste beim Accueil vun de Flüchtlingen hei am Land nach zousätzlech Efforte gemaach ginn. Och dat huet déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem leschte Rapport thematiséiert. Laangwiereg Prozedure géifen zu enger Desintregatioun féieren a Problemer schafen, déi net néideg wieren. D'Flüchtlingsprobematik wier virun allem e Problem vun der Mënschlechkeet. D'Politik, kritiséiert de President vun der Mënscherechtskommissioun, géif déi universell Mënscherechtsdeklaratioun an deem Beräich net ëmmer sou verdeedegen, wéi se misst.
Donieft misst Lëtzebuerg besonnesch multinational Entreprisen an d'Flicht huelen, fir an hirem Alldag d'Mënscherechter ze respektéieren. En Aktiounsplang geet net duer, sou de Gilbert Pregno.
D'Rapporte vun der consultativer Mënscherechtskommissioun géifen op e ganz breeden Echo an der Zivilgesellschaft stoussen, freet sech hire President. Vun der Politik wënscht hie sech méi Ausernanersetzung, sträitbar Politiker. D'CCDH géif dohannert bleiwen. Si wiere keng, déi opginn.
De President vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno war e Méindeg de Moie kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.