Froestonn an der ChamberGliese Kabinnen fir d'Buschauffer ze schützen, Autotuning an Euthanasie

Monica Camposeo
Dat äntwert den Transportminister François Bausch op eng Fro vum CSV-Deputéierte Leon Gloden an der Chamber.

Sécherheet vu Buschaufferen

Busser, déi nei a Betrib geholl ginn, hunn dann alleguer esou eng gliese Kabinn. Al Busser ginn an den nächsten 18 Méint no an no ëmgebaut.

Fir Ugrëffer op Buschauffer ze verhënneren, géing och schonn e System fonctionéieren, mat deem si diskret bei der Zentral op sech kéinten opmierksam maachen. Dee Moment géif dat, wat am Bus geschwat gëtt, un d’Zentral iwwerdroe ginn, esou dass déi eventuell intervenéieren, respektiv Hëllef schécke kann.

De François Bausch

Autotuning

De Problem vun den illegalen Treffe mat opgemotzten Autoen um Parking op der Kockelscheier ass der Police wuel bekannt. Dat äntwert den Policeminister Henri Kox op eng Fro vum DP-Deputéierten Claude Lamberty.

Et géingen och aner Plaze ginn, wou sech Unhänger vum Autotuning treffen, ma soubal d’Police op d’Plaz kënnt, géinge sech d’Leit verzéien, esou de Minister. Reegelméisseg Kontrolle mécht d’Police awer. Dem Minister no kéint et hëllefen, anescht ze bauen, fir dass dës Plazen fir esou Zorte vun Treffe guer net méi attraktiv wieren.

Extrait Henri Kox iwwer Autotuning

D’Gemeng Réiser, zu där de Parking op der Kockelscheier gehéiert, kéint zum Beispill d’Streck änneren, fir dass d’Autoe keng Vitesse op enger laanger Streck kënnen dropkréien. Zu Féiz wieren och reegelméisseg esou Treffen op engem grousse Parking. Ma well dësen awer privat ass, kann d’Police do net wierklech intervenéieren, esou den Henri Kox.

Wat d’Moyene vun der Police ugeet, esou sot de Minister Henri Kox, dass Protokoller tëscht 24 an 145 Euro kënnen ausgestallt ginn. De Montant hänkt vum Typ vun der Infraktioun of. Zum Beispill sinn d’Autoe besonnesch haart, wat d’Awunner an der Géigend stéiert, oder et läit e Verstouss géint de Code de la Route vir. Da kann et och virkommen, dass den Auto net méi fuere kann respektiv op Sandweiler geschéckt gëtt.

Euthanasie

En anert Thema an der Chamber war d’Euthanasie. Zanter 2009, also zanter dass et d’Gesetz gëtt, bis 2020, gouf et 112 offiziell deklaréiert Assistances au suicides an Euthanasien, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Gefrot hat d’DP-Deputéiert Carole Hartmann. An de leschten zwee Joer gouf awer eng däitlech Hausse bemierkt.

Mir gesinn, dass et ëmmer méi zu engem Thema gëtt, sot d’Gesondheetsministesch. Eleng am Joer 2021 goufe nämlech 24 Interventioune gemaach a fir dëst Joer sinn et der Stand haut 28. En definitive Bilan fir d’Joren 2021 an 2022 kéim am Fréijoer d’nächst Joer.

Eng Lëscht mat den Dokteren, déi d’Euthanasie duerchféieren, gëtt et net, ënnert anerem, well déi Professionell dat dacks net wéilte public maachen. Op d’Fro vun der Deputéierten Carole Hartmann, ob d’Informatiounsoffer dann duergeet, äntwert d’Ministesch, dass een oppe wier, fir eng Sensibiliséierungscampagne bei den Dokteren respektiv der Uni ze lancéieren. D’Euthanasie-Gesetz kéint nëmmen applizéiert ginn, wann d’Patienten dee néidegen Zougang zu den Informatiounen hunn.

Aktuell géing d’Informatioun éischter informell lafen, fir d’Patienten ass hiren zoustännegen Dokter do, fir de Lien mat de Professionellen ze maachen.

Parkplazen beim Flughafen

Déi bescht Méiglechkeet, fir bequem a sécher op de Flughafen ze kommen, wier den ëffentlechen Transport. Dat äntwert den Transportminister François Bausch op d’Fro no dem Manktem u Parkplazen vun der LSAP-Deputéierten Cécile Hemmen. De Minister wier sech wuel bewosst, dass et net vun iwwerall mam ëffentlechen Transport geet, ma dat missten d’Leit awer méi consideréieren, wann et méiglech ass. D’Accessibilitéit vum Flughafen sollt sech net just dorunner moossen, wéi einfach en mam Auto kann erreecht ginn. Am Hierscht 2024 wäert och den Tram am 6-Minutten-Takt op de Flughafe fueren, dat dierft d’Qualitéit sécherlech hiewen, esou nach de Minister.

7.866 Parkplaze géing et aktuell scho ginn, an dat um Flughafe selwer. Doriwwer eraus géingen um Heinenhaff weider Parkméiglechkeete gebaut ginn. Mam Tram wier dësen Park&Ride nëmmen e puer Minutte vum Flughafe fort.

Fréier Nationalbibliothéik

Wou ass d’Renovatioun vun der fréierer Nationalbibliothéik drun? Dat wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Bauteminister François Bausch wëssen. Enn Februar oder Ufank Mäerz gëtt dat entspriechend Gesetz deposéiert, esou de Minister. De Gros vum Gebai géing un den Tribunal de Commerce goen, deen aktuell an der Rue du St. Esprit bei der Cité Judiciaire ass. Ënnenan um Rez-de-chaussée gëtt mat der Stad Lëtzebuerg en Café Littéraire opgebaut. Wéi d’Konzept genee ausgesäit, konnt de François Bausch net soen, ma et géing een dat esou ëmbauen, wéi déi zoustänneg vun der Kultur, respektiv der Educatioun et bréichten.

Back to Top
CIM LOGO