55 Plazen zu Lëtzebuerg betraffGoodyear plangt intern Ännerunge bannent Europa

RTL Lëtzebuerg
1.200 Aarbechtsplaze sinn alles an allem betraff. Dee Plang dierft och Auswierkungen zu Lëtzebuerg hunn, schreift den LCGB.

Et handelt sech ëm Plazen an der Verwaltung. D’Gewerkschaft sicht d’Urgence d’Gespréich mat der Direktioun.

Den OGBL nennt e Mëttwochowend de Chiffer vu 55 Plazen déi um Site hei am Land bei der Goodyear-Verwaltung ofgebaut solle ginn.

Et hätt een dee Chiffer vun der Direktioun kritt déi an den nächsten Deeg mat de Gewerkschaften wëll schwätzen.

Den OGBL verlaangt ee Plang fir d‘Erhalen vun Aarbechtsplazen.

PDF: Schreiwes vum LCGB
Back to Top
CIM LOGO