
An der dréngender parlamentarescher Fro geet et drëm, datt d'EU net genuch vun de Vaccine bestallt hätt, déi am effikasste sinn an am séierste kéinte geliwwert ginn. Aner Länner wéi d'USA hätten dat awer gemaach. Nieft dem Impakt op d'ëffentleche Gesondheet, hätt dat och en ekonomeschen Nodeel, wann d'EU nach am Lockdown wier, déi aner Länner awer nees normal géife fonctionéieren. D'CSV -Deputéiert wëllen, ënnert anerem wëssen, ob dës Informatioune stëmmen? An op d'Regierung zousätzlech Impfdose wëll bestellen?