Knapp 200 Kilo Offall op de Kapp sinn 2019 zu Lëtzebuerg an der schwaarzer Poubelle gelant. Mee wat genee geheien d’Leit do alles dran? Dat wëll d’Ëmweltverwaltung wëssen, dofir gëtt all 3 Joer eng representativ Reschtoffall-Analys gemaach. D’Reschtoffall-Analys gëtt um Site vun der Firma Lamesch gemaach. Zanter dem 14. Februar ginn all Dag e puer Containeren Haushaltsdreck geliwwert a sortéiert. Aus 15 Gemengen am Land ginn d’Stéchprouwe selektionéiert, erkläert de Steff Schaeler vun der Firma Eco-Conseil, déi d’Analys duerchféiert.
“15 Gemengen, déi stellvertriedend fir d’ganzt Land sinn. Mir hu se erausgewielt no hirer Offer u Recyclingméiglechkeeten, no hirem Taxesystem, hu se en Chip an der Poubelle, weie se...? No esou Krittären hu mer d’Gemengen erausgewielt.”
Den Offall gëtt iwwer d’Band erop an d’Sortéierbud transportéiert. Wou en éischte graffen Tri gemaach gëtt. Duerno gëtt nosortéiert. An am ganzen 42 verschidde Fraktiounen...ënner anerem Textilien, Hygièneartikelen, PET-Fläschen, Pabeier, Bio-Offall... Besonnesch interessant sinn déi verwäertbar Fraktiounen, déi u sech net an déi schwaarz Poubelle gehéieren, well se kënne recycléiert ginn. Et wär wichteg dës Entwécklungen ze gesinn, well an der Null-Offall-Strategie jo ëmmer méi Mesurë geholl géifen fir Offall, deen entsteet, ze verwäerten, seet de Marc Hans vun der Ëmweltverwaltung.
Bei der Ëmweltverwaltung erwaart ee sech beispillsweis, datt dës Kéier manner Bio-Offall erfaasst gëtt, well lo all Gemeng am Land eng Biotonn ubitt. Theoretesch missten och manner Plastik-Folien-Dëppercher a Barquetten auszortéiert ginn, vu datt dës zanter leschtem Summer an der bloer Valorlux Tut kënnen entsuergt ginn.
Ob dat alles esou ass, gi mer am Hierscht gewuer, da sollen d’Resultater vun der neier Reschtoffall-Analys presentéiert ginn.