2 Méint nom GroussbrandD'Sportshal zu Lëlz muss komplett ofgerappt ginn, kee kriminellen Hannergrond

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméiert d'Gemeng Esch-Sauer op hirem Internetsite, ronn 2 Méint nom Groussbrand.
© RTL Mobile Reporter

An engem Communiqué gëtt präziséiert, datt d'Enquête ofgeschloss ass an datt et kee kriminellen Hannergrond gëtt.

D'Material vun de Veräiner gouf aus dem Gebai erausgeholl.

Mat Bléck an d'Zukunft deelt d'Gemeng mat, datt op där Plaz zu Lëlz eppes Neies soll entstoen.

Rieds geet vun enger moderner Infrastruktur, déi de Besoine vun der Populatioun Rechnung soll droen, notamment de Veräiner a Schoulen. D'Bierger solle bei der Ausschaffung vum neie Projet mat agebonne ginn.

D'Schreiwes am Detail:

Communiqué – Aktuell Situatioun nom Brand zu Lëlz

Nom Brand an der Sportshal zu Lëlz de 6. Juni 2026 sinn an de leschte Woche vill Reuniounen an Aarbechtssëtzunge mat alle concernéierte Partner ofgehale ginn, fir d’Situatioun ze analyséieren an déi néideg Schrëtt anzeleeden.

D’Gestioun vun engem Schued vun dëser Gréisst ass komplex a brauch Zäit. Nieft den administrativen, techneschen a versécherungstechneschen Demarchë stinn d’Sécherheet an eng gutt Koordinatioun vun den Aarbechten am Mëttelpunkt.

Mëttlerweil sinn d’Aarbechte fir d’Securisatioun vum Site ugelaf. Am Kader vun de bautechneschen Expertisen huet ee leider misse feststellen, datt d’Sportshal net méi ze retten ass. Dofir muss dat ganzt Gebai ofgerappt ginn. Dës Moossnam ass noutwenneg, fir d’Sécherheet um Site dauerhaft ze garantéieren an all weidere Risiko auszeschléissen.

Gläichzäiteg konnt eng wichteg Etapp ofgeschloss ginn: Dat ganzt Material vun de concernéierte Veräiner ass mëttlerweil aus der Sportshal erausgeholl ginn.

Mir kënnen och matdeelen, datt d’Enquête ofgeschloss ass an all kriminell Ursaach fir de Brand ausgeschloss gouf.

Gläichzäiteg denkt de Gemengerot schonn un d’Zukunft. Mir wëllen dësen trageschen Event net nëmmen hannert eis loossen, mee och d’Chance notzen, fir zesumme mat eise Biergerinnen a Bierger an alle concernéierte Partner eng nohalteg an zukunftsorientéiert Léisung fir dëse Site auszeschaffen. Am Kader vun enger Biergerbedeelegung wäert gemeinsam iwwerluecht ginn, wat op dëser Plaz an Zukunft entstoe soll. Eist Zil ass et, eng modern Infrastruktur ze schafen, déi de Besoine vun eise Veräiner, eise Schoulen an der ganzer Bevëlkerung gerecht gëtt.

Zum Schluss wëlle mir allen Awunner, Veräiner, Fräiwëllegen, Asazkräften an de ville Persounen, déi eis an de leschte Wochen ënnerstëtzt hunn, villmools Merci soen. Är Gedold, Är Solidaritéit an Äert Versteesdemech si fir eis vu groussem Wäert.

Mir versécheren Iech, datt d’Gemeng Iech och weiderhin transparent a reegelméisseg iwwer déi nächst Entwécklunge wäert informéieren.

De Schäfferot vun der Gemeng Esch-Sauer

Back to Top
CIM LOGO