Nom Tëschefall um WaldhaffGrand-Duc empfänkt Zaldoten, déi als éischt no Explosioun op der Plaz waren

RTL Lëtzebuerg
Déi Fraen a Männer hunn dann och direkt sech ëm hir blesséiert Kollege gekëmmert an hunn alles fir hir Oftransport duerch de CGDIS virbereet.

Emouvanten Ament e Freideg am Palais: de Grand-Duc huet do a Präsenz vum Generol Alain Duschène d'Zaldoten empfaangen, déi beim uergen Accident virun zwou Wochen am Munitiounsdepot um Waldhaff dobäi waren an och intervenéiert an éischt Hëllef geleescht haten.

Bei der Detonatioun vun enger Granat aus dem Zweeten Weltkrich waren de 14. Februar d'Demineure Luc Derneden a Mike van de Berg ëmkomm, en Ënneroffizéier bleift mat uerge Blessuren hospitaliséiert.

E Samschdeg an der Mëttesstonn ass iwwerdeem de Verdeedegungsminister François Bausch eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

PDF: De Communiqué vun der Cour grand-ducale

Back to Top
CIM LOGO