Däitschsproocheg LännerGrand-Duc Henri zu Linz op informeller Reunioun

RTL Lëtzebuerg
Zu Linz an Éisträich kommen um Méindeg d'Staatscheffen aus den däitschsproochege Länner beieneen.
© RTL-Archiv (September 2018)

Op Invitatioun vum éisträichesche Bundespresident gesi sech fir des 15. informell Reunioun de Grand-Duc Henri, den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier souwéi de belsche Kinnek an d'Staatscheffen vu Liechtenstein an aus der Schwäiz.

Bei de Gespréicher dominéiert virun allem Demokratie an enger Welt déi ëmmer méi digital gëtt, souwéi déi national an international Aktualitéit.

Zanter 2004 gesi sech d'Staatscheffen aus den däitschsproochege Länner reegelméisseg fir Gespréicher. All Joer gëtt dëse Rendezvous vun engem anere Land organiséiert. Am September 2017 war des Reunioun am Grand-Duché.

Back to Top
CIM LOGO