
Dat kéint bis zu 30 % vun der Pai ausmaachen, heescht et am Communiqué vun OGBL an LCGB. D’Personaldelegatioun géif zanter leschtem Oktober probéieren, bei der Direktioun z’intervenéieren, ma ouni Succès bis elo.
D’Gewerkschafte fuerderen, dass nees den ale Gestiounssystem fir d’Paie benotzt gëtt, bis d’Problemer mam neie System behuewe sinn.
Sollt dat net geschéien, géife gewerkschaftlech Aktiounen net ausgeschloss ginn.