
Alarm en Donneschdeg am Gebai vun der franséischer Bank BNP Paribas um Kierchbierg. Wéi eis de CGDIS op Nofro hi confirméiert huet, goufen d’Leit am Gebai evakuéiert, dat well et zu enger Dampentwécklung komm wier. Konkret soll eng defekt Powerbank ugefaangen hunn ze dämpen, wouropshin d’Leit am Gebai aus Sécherheetsgrënn evakuéiert goufen.
De schlussendlech dann dach ongeféierleche Virfall war séier vun de Pompjeeën ënner Kontroll an d’Leit, ronn 300 Persounen, konnten nees an d’Gebai eran.