Autobunn A4Gréisser Perturbatioun wéinst Camion, deen a Brand stoung

RTL Lëtzebuerg
Um kuerz no hallwer 7 e Méindeg de Moie gouf dat brennend Gefier op der A4 a Richtung Esch gemellt.
Camion a Flamen op der A4 hat fir Misär am Trafic gesuergt
E Méinde de Moie géint 6.30 Auer hat op der Escher Autobunn e Camion gebrannt.

D'Rettungsdéngschter hu séier reagéiert a waren och kuerz drop op der Plaz an haten de Brand och séier ënner Kontroll. Fir d'Dauer vum Asaz gouf d'Autobunn kuerzzäiteg komplett a béid Richtunge gespaart, d'Aarbechte selwer sollten awer nach daueren.

Mëttlerweil ass den Accident awer komplett geraumt.

Back to Top
CIM LOGO