
Kuerz virun 23 Auer en Dënschdeg den Owend ass e Feier an enger Scheier zu Baastenduerf ausgebrach. Wéi de CGDIS schreift, gouf keng Persoun beim Brand blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun der Nordstad, Tandel, Angelduerf, Bettenduerf a Colmer-Bierg.
Eng hallef Stonn virdrun hat et an der Stad an der Rue Carlo Hemmer an engem Technikraum gebrannt. D’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad waren um Asaz.
An der Nuecht géint 3 Auer hat iwwerdeem nach eng Poubelle an der Rue de la Grève an der Stad gebrannt. Och hei waren d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.