NationalbibliothéikGréisst Plënneraktioun, déi et jee zu Lëtzebuerg gouf

RTL Lëtzebuerg
1,8 Milliounen Dokumenter gi vu 7 verschiddene Sitten op een eenzege geplënnert. Dat an dat neit Gebai um Kierchbierg.
BNL: Gréisst Plënneraktioun, déi et jee zu Lëtzebuerg gouf
1,8 Milliounen Dokumenter gi vu 7 verschiddene Sitten op een eenzege geplënnert. Dat an dat neit Gebai um Kierchbierg.

Zanter engem Mount leeft d’Plënneraktioun vun der Nationalbibliothéik.

E groussen Deel ass scho gepackt, ma nach laang net alles. Beim Plënnere vun de Bicher ginn et verschidden Etappen. Viru puer Méint goufe se all gebotzt, fir dass esou wéineg Dreck a Stëbs wéi méiglech mat an dat neit Gebai plënnert. Elo geet et drëms, se aus den ale Regaler erauszehuelen a prett fir den Transport ze maachen. Wa se dann am neie Gebai ukomm sinn, komme se an den Triage. Hei gëtt, mat hëllef vun engem Scanner, gekuckt, wéi eng Bicher an de Liessall kommen a wéi eng an de Magasinn, also an de Stockageraum.

Am neie Gebai ginn et vill méi Bicher, déi fir de Public direkt zougänglech sinn, also an de Liessall kommen. Bis ewell waren et der ëm déi 37.000. Elo sollen et der dann am Ufank 200.000 sinn, ma et wier awer nach Sputt fir bis zu 300.000 Bicher.

Nieft der Nei-Organisatioun vun de Bicher ginn et am neie Gebai och Raim, déi et esou virdrun an der BNL nach net goufen: Konferenzraim, Säll, déi fir Formatiounen, Atelieren a Workshoppe kënne genotzt ginn, en Expo-Sall, e Sall fir Leit, déi mat hire Kanner kommen, Raim, fir ze musizéieren an duerch d’Bibliothéik verdeelt fënnt een och ëmmer erëm déi sou genannten "Carrelen" - déi si fir Leit geduecht, déi u Gruppenaarbechte schaffen.

Bis een dat éischt Buch dann am neie Gebai liese kann, muss ee sech nach bësse gedëllegen. Den 30. September sollen d’Dieren nämlech fir de Public opgoen.

Back to Top
CIM LOGO