BilanGreiweldeng: 1 Joer no den Iwwerschwemmungen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerschwemmte Stroossen, Bulli iwwerall, entwuerzelt Beem, ewéi och ewechgespullten Autoen. Dat war virun engem Joer.

D'Biller, ewéi och d'Noriichten, déi virun engem Joer vu Greiweldeng erakoumen, hunn schockéiert. 4-5 Milliounen Euro hunn d'Waasserschied Assurancen zu Lëtzebuerg kascht.

Greiweldeng: 1 Joer nom Waasser
Iwwerschwemmte Stroossen, Bulli iwwerall, entwuerzelt Beem, ewéi och ewechgespullten Autoen. Dat virun engem Joer.

An ënner 10 Minutte stoung d'Waasser zu Greiweldeng deels bis zu annerhallwe Meter héich an de Stroossen. 101 Liter Waasser op de m2 waren ënner anerem beim Noper Waldbriedemes gefall. Esou vill Waasser hat een nach ni. An och wann een op der Musel Héichwaasser gewinnt ass, war et an där Vitess eng Première.

Déi privat Renovatiounen a Botzaarbechte sinn dann e Joer méi spéit quasi ofgeschloss. Ma och um Gemenge-Plang gouf esou munches an der Preventioun um Terrain ënnerholl. Zwar kann een den ënnerierdesche Kanal vun der Baach net méi grouss maachen. Ma dofir gouf um ieweschten Deel vum Duerf geschafft.

Ma dee gréisste Chantier steet nach virun der Dier. Den 18. Juni gëtt e Re-Naturaliséierungs-Projet ugefaangen. Direkt iwwert dem Alaf vun der Baach an den Kanal uewen am Duerf. De Passage vun der Baach gëtt e gutt Stéck méi breet gemaach. Bis bei d'Beem. Ma och dës Initiative huet hir Limitatiounen. Et hofft een op d'Hëllef vun den Awunner.

Ee Joer no der Iwwerschwemmung goufe 4 Projeten zur Optimiséierung bannent vun engem Joer ëmgesat. Op d'mannst een ass nach am Lafen. Do dernieft ginn och d'Reier an der Kanalisatioun an den nächste Joren optiméiert. Ma géint Waassermassen ewéi déi vum 1. Juni 2018 wier een ni genuch gestiwwelt.

RTL-News iwwer d'Iwwerschwemmunge vum 1. Juni 2018.

Stroossen am Mëllerdall besonnesch betraff

E sëlleche Stroosse ware vill futti an hu nom Reen musse gespaart ginn. Den CR364 tëscht Bäerdref an Iechternach ass den 3. Juni nees opgaangen.

RTL-Artikel vun Enn Mee: FOTOE vun elo a vu virun engem Joer - CR364 tëscht Bäerdref an Iechternach geet den 3. Juni nees op.

Aus dem Juli 2018: Hëllef fir de Mëllerdall - Schüler aus Police-Schoul hu Brécke reparéiert.
Vum 1. Juli 2018: 4 Wochen no den Iwwerschwemmungen - Eng 108 Wanderweeër sinn am Mëllerdall nees op.

Back to Top
CIM LOGO