Operatioun "Hazeldonk"Grouss Drogekontroll en Donneschdeg den Owend op der A6

RTL Lëtzebuerg
Dës Aktioun gouf simultan och an der Belsch, Frankräich an an Holland duerchgefouert.

Kontrolléiert gouf op der A6 a Richtung Stad, dat tëscht 18 Auer a Mëtternuecht. Ronn 50 Polizisten an Douaniere mat 5 Hënn waren un der Aktioun zu Lëtzebuerg bedeelegt.

Am Ganze goufe 36 Autoen an 39 Persoune kontrolléiert. Dobäi goufe méi wéi 10.000 Euro fonnt, déi net deklaréiert waren an e puer kleng Quantitéiten u Cannabis.

D'Operatioun tëscht Lëtzebuerg, der Belsch, Holland a Frankräich gëtt traditionell "Hazeldonk" genannt, dat no enger klenger Stad an Holland, op der Belscher Grenz. Dës läit direkt niewent enger vun den Haaptachsen, fir Drogen ze transportéieren. Hei gëtt sech awer net nëmmen op den Trafic op de Stroosse konzentréiert, mä och op Fligers- a Zuchtrafic.

Back to Top
CIM LOGO