
Bei der Kontroll an engem Bus hunn d'Hënn vun der Police bei 6 Passagéier reagéiert. An 3 anere Busse goufen och Droge fonnt. Hei konnt de Besëtzer ënnert de Passagéier awer net identifizéiert ginn.
Am Ganzen konnte gutt 54 Gramm Haschisch, kleng Quantitéiten u Marihuana a Kokain an zwee Jointen saiséiert ginn.
Och an den Zich hunn d'Beamten no Droge gesicht.
Lescht Statioun war e Bal zu Klierf. Hei hunn d'Hënn nëmmen eng kleng Quantitéit un Drogen um Buedem gericht. Ma wéi et am Police-Bulletin steet, hätt de Besëtzer dës wahrscheinlech ewechgehäit, wéi en d'Police erbléckst hat.