
Bei enger Persoun déi no der Policeaktioun an de Centre de rétention bruecht gouf huet sech wärend den Ermëttlungen eraus gestallt, datt et géint si en europäeschen Haftbefeel gëtt, wéinst Verstéiss géint déi däitsch Droge-Gesetzgebung.
De Parquet huet ordonéiert, datt déi Persoun festgeholl gëtt. Bal 90 Polizisten waren de 7te Februar an der Rue Joseph Junk an an der Rue du Fort Neipperg am Asaz. Am Fokus stoungen Drogen a Waffen, awer och d’Pabeiere vun de Leit an d’Geneemegunge vu Betriber. 85 Persoune goufe kontrolléiert.
Ënner anerem war festgestallt ginn, datt 6 Leit illegal am Land waren.