N27Grousse Gedenk-Cortège vu Motorradsfuerer fir am Mee verstuerwe Kolleegin

Jeannot Ries
Motorrad-Fuerer zu Lëtzebuerg fille sech als déi Vulnerabelst an engem Stroosseverkéier, deen ëmmer méi aggressiv géif.
Grousse Cortège vu Motorradsfuerer,
Motorrad-Fuerer zu Lëtzebuerg fille sech als déi Vulnerabelst an engem Stroosseverkéier, deen ëmmer méi aggressiv géif.

Et war en impressionante Cortège, deen am Norde vum Land net z’iwwersinn war. Eng 80 Motorrad-Fuerer hunn enger Kolleegin geduecht, déi de 4. Mee ëm d’Liewe bei engem Accident koum. Si hunn awer och hire Suerge Loft gemaach.

Reegelméisseg treffe se sech. D’Speed Junkies, d’Rebel Biker Girls. Fir zesummen hir Passioun op zwee Rieder ze liewen. Um Sonndeg war fir si keen Dag wéi en aneren.

''Well hannert all Casque e Gesiicht ass. E Liewen. Well déi Aggressivitéit am Moment am Verkéier fir eis zimmlech direkt fatal ass. Nach gëschter ass nees ee gestuerwen. Et geet einfach duer.’' sou d’Annie Loschetter vun de Rebel Biker Girls

Et ass en Appell un d’Politik, generell. Un d’Sécurité Routière. Un den Transportministère.

Vëlosfuererin, Automobilistin, Motocyclistin, fillt d’Annie Loschetter sech um Motorrad am Vulnerabelsten. Et géif net duer goen, Campagnen z’organiséieren, wou Motorrad-Fuerer gesot kréien, wéi si sech ze verhalen hunn. Wéi séi sech unzedoen hunn.

De Cortège huet iwwer eng beléift Motors-Stréck gefouert. D’N27. Vum Heischtergronn aus Direktioun Giewelsmillen.

Wat ass genee de 4. Mee, Nomëttes géint 5 op hallwer 4 op der Héicht vun der Boukelsser Mille geschitt? Déi Fro beschäftegt och weider d’Enquêteuren. Fakt ass: Hei huet eng jonk Motocyclistin hiert Liewe verluer. D’Tessy, 28 Joer, war mat enger Frëndin ënnerwee. D’Sortie gouf zum Drama. Um Sonndeg hu Famill a Frënn der jonker Fra geduecht.

''Et ass a leschter Zäit sou vill geschitt. Dat ass alles onnéideg. Dat muss net sinn. Jidderee muss e wéineg hei säi Pefferkär derbäi leen. Wa jiddereen e wéineg oppasst, da komme mer alle geuerten ganz gutt mateneen aus’’, sou de Joe Bisenius, de Frënd vun der Verstuerwener.

Verstoen a verstane ginn. Dorëms geet et.

D’Motorrad-Fuerer wëssen, datt et och schwaarzt Schof ënner hinne ginn. Wou Motocyclisten selwer de Kapp rëselen. Ëmmer nees koum e Saz: ‘‘Wa mer e bëssche méi Respekt hunn, een zum aneren, da misst et klappen !’'

Back to Top
CIM LOGO