De 27. Abrëll ass et esou wäitGroussen Télévie-Dag

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass déi 18. Editioun vum groussen Télévie-Dag! De ganzen Dag a queesch duerch d’Land gëtt sech nees staark fir d’Lutte géint de Kriibs gemaach.
  • Speziell Aktiounen fir den Télévie
  • Reportagen iwwer Patienten a Chercheuren
  • Presentatioun vum neien Télévie-Lidd « Fir dech do »

Fir déi 18. Kéier wäert sech ganz Lëtzebuerg mobiliséieren a sech zesumme géint de Kriibs a fir d’Kriibsfuerschung engagéieren. Speziell an deene 5 Zentren zu Kiischpelt, Jonglënster, Miersch, Schëffleng an de Centre de promesses permanent zu Rodange sinn eng ganz Réi Aktivitéiten um Programm fir zesummen den Télévie z’ënnerstëtzen.

Startschoss vum groussen Télévie-Dag ass schonns haut den Owend um 19:00 Auer. Vun deem Ament un leeft den Télévie-Compteur bis an de spéide Samschdegowend. All Spenden déi iwwert d’Joer gesammelt goufen an d’Donen déi vun den Owend un bis muer erakommen, wäerten sech um Compteur affichéieren. Zur Erënnerung: D’Lescht Joer war de Compteur bei der spektakulärer Zomm vun 1.674.429 Euro stoe bliwwen. Eng Rekordzomm déi integral un d’Kriibsfuerschung gespent gëtt.

TELE: Ausbléck op déi grouss Ofschloss-Sendung e Samschdeg

De Programm vum 27. Abrëll

De ganzen Dag iwwer ginn Stänn, Spektakelen a Spiller organiséiert an deene 5 Zentren organiséiert, dorënner :

  • “Merci-Tournée”: Diane Wunsch, d’Coordinatrice vum Télévie, an d’Memberen vun der Fondation Kiwanis ginn an déi eenzel Zentren fir all deene Leit Merci ze soen, déi sech d’ganzt Joer iwwer fir den Télévie engagéiert hunn.
  • Match géint Dreamteam: An den Zentren gëtt eng sportlech Aktivitéit organiséiert, wou d’Equippen, déi aus verschidden bekannte Perséinlechkeeten (Buergermeeschter, Sportler, …) bestinn géint d‘Dreamteam (bekannte Ex-Sportler) untrieden. Zu Kiischpelt ass et Fussball, Basket zu Miersch, Volleyball zu Jonglënster an Handball zu Schëffleng. Dëst Joer ass déi 10. Editioun a leider och déi leschte Kéier dass esou een Dreamteam-Event stattfënnt.
  • DHL Télévie Tour: Ëm déi 80 Cyclisten wäerten um 9 Auer bei der RTL City starten an an 2 Pelotone bei déi 5 Zentren fueren. E Grupp fiert Richtung Norden a mécht e Tour vun 170 km. Déi 2. Equippe beweegt sech an de Süden a wäert e Parcours vun 147 km zréckleeën.
  • Groussen Tirage au sort : Vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll huet d‘Associatioun Ferrari & Friends Billjeen verkaf fir eng Daf an engem Ferrari ze gewannen. All d’Leit déi beim Concours matgemaach hunn, hunn och d’Chance e Fiat 500 Pop ze gewannen. De Gewënner gëtt e Samschdeg den Owend wärend dem groussen Ofschloss vum Télévie-Dag gezunn.
  • E Samschdeg vun 19:00 un, animéiert an diffuséiert RTL Lëtzebuerg live op der Télé an um Livestream op rtl.lu déi verschidden Aktiounen déi queesch duerch d’Land organiséiert ginn. Wärend dem Dag, vu 06:00 bis 19:00 Auer ginn all d’Radiosemissiounen um Radio-Web-Tv op der Télé gewisen.

Den detailléierte Programm op RTL fannt Dir hei:

Televie Programm 2019

Back to Top
CIM LOGO