
Wien duerch Lëtzebuerg fiert, deem dierft relativ séier opfalen, datt et am Grand-Duché net grad eng Penurie u Supermarchéë gëtt. Do kann ee sech duerchaus d’Fro stellen, ob de Marché net schonn iwwerfëllt ass an de Konkurrenzkampf tëscht deene ville verschiddenen Acteuren ëmmer méi grouss gëtt. Bei der Confédération luxembourgeoise du commerce (clc) huet een déi Suerg aktuell net. De Claude Bizjak, Directeur adjoint vun der clc, ënnersträicht, datt d’Verkafsoffer proportionell zur Populatioun wuesse géing. Sou wier zanter 2019 d’Zuel vun den Awunner ëm 5,1 Prozent an d’Luucht gaangen, wärend d’Verkafsfläche vun de Supermarchéen ëm 5 Prozent geklommen ass. Lëtzebuerg wier ee Marché, op deem vill grouss international Acteuren aktiv wieren. Déi géingen hir Decisiounen net aus dem Bauch eraus treffen, mee detailléiert Standuertanalysen duerchféieren. Och vun de Responsabele vum Aldi, dem Cactus an dem Lidl heescht et, datt een der Meenung ass, datt genuch Plaz fir jiddereen zu Lëtzebuerg ass.
Och duerch d’Krise vun de leschte Jore wier de Secteur dem Claude Bizjak vergläichsweis gutt komm. Well d’Supermarchéen am Géigesaz zu de Restauranten a Caféen net hu missen zoumaachen, ass den Ëmsaz bei de Liewensmëttel an d’Luucht gaangen. An och wa Restauranten a Caféë mëttlerweil rëm op hunn, hätten awer vill Leit duerch den Teletravail d’Loscht um Kachen doheem entdeckt, woubäi et sech ëm ee méi nohaltege Phänomen handele géing. Dem Laurent Schonckert, CEO vum Grupp Cactus, no hätten d’Leit och vill Saache kaaft, fir hiert Doheem ze verschéineren, dat als eng Zort Ersatz fir d’Vakanzen, déi an d’Waasser gefall sinn. Insgesamt hätt ee wärend der Pandemie ee richteg gudden Ëmsaz gemaach. Virun allem d’Joren 2020 an 2021 wieren exzeptionell gewiescht. Ma och wann 2022 do net méi eru kéim, wier et awer nach ëmmer besser gewiescht wéi 2019. Vu Lidl heescht et, datt d’Frequentatioun vun de Geschäfter am Joer 2022 ëm 10 Prozent par Rapport zu 2021 an d’Luucht gaangen ass. Zanter Juni 2022 wier d’Zuel vun den Utilisateure vun der digitaler Carte de fidélité ëm 13 Prozent an d’Luucht gaangen ass. Den Discounter beschränkt sech allerdéngs bei sengen Aussoen op den Zäitraum vun 2021 bis 2023. Wat den Zäitraum am Ufank a virun der Kris ugeet, do hält ee sech bedeckt. Aldi kommunizéiert keng konkret Zuelen. Ma et ass awer d’Ausso, datt Aldi Lëtzebuerg gutt do stoe géing.
Mesure fir Kafkraaft ze erhalen, gi positiv bewäert
Wat déi aktuell héich Energiepräisser betrëfft, heescht et vun der clc, déi géingen duerchaus op d’Margen drécken. Dat wier awer eng zimmlech individuell Thematik, well deen ee Supermarché kuerzfristeg an deen anere laangfristeg Kontrakter lafen hätt. Alles an allem weist ee sech bei der clc net onzefridde mat de staatlechen Hëllefen. Et wier nu eemol ee fräie Marché an de Staat hätt schonn an der Corona-Kris vill Hëllefen ausbezuelt. Positiv fir d’Betriber wieren déi Mesuren, déi ergraff goufe fir d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen, wéi zum Beispill den Energiepräisdeckel. D’Erhéije vum Mindestloun op den 1. Januar an déi Indextranchen, déi wuel an deene nächste Méint ausbezuelt ginn, géingen och dozou bäidroen. Datt den Index gläichzäiteg zu méi héije Personalkäschte fir d’Betriber féiert, wier allerdéngs een Nodeel vun deem Automatismus, deen een a Krisenzäiten och misst kënnen upassen.

Eng vun de Mesure fir d’Kafkraaft ze erhalen, ass d’Reduktioun vun der TVA vu 17 op 16 Prozent vum 1. Januar un. “Als clc hu mir eise Membere recommandéiert, dës och effektiv ze applizéieren”, erkläert de Claude Bizjak. Ma d’Clienten dierfte sech net ze vill vun där Mesure erwaarden, well se just geduecht wier fir d’Hausse vun de Präisser ofzefiederen. “Wann der eng Inflatioun vu 5 Prozent hutt an der reduzéiert d’TVA ëm 1 Prozent, hutt der nach ëmmer eng Inflatioun vu 4 Prozent”. Et wier fir d’Betriber iwwerdeems guer net esou einfach gewiescht déi Mesure praktesch ëmzesetzen. Bei deene Supermarchéen, déi d’Präisser op Schëlder ausweisen, wier et deels ze vill Aarbecht fir ze mann Personal gewiescht. D’Mesure musst nämlech tëscht de Chrëschtdeeg an Neijoerschdag ëmgesat ginn an den 2. Januar hu schonn d’Solden ugefaangen. Déi Geschäfter, déi d’Präisser elektronesch uweisen, hätten dat net esou einfach an der Nuecht vu Silvester op Neijoerschdag maache kënnen, well dann den informatesche System ofgestierzt wier. Als Léisung ginn a verschiddene Geschäfter déi nei Präisser just an der Keess ugewisen.
Cactus wëllt méi Lëtzebuerger Schwéngefleesch ubidden
Wéi héich d’Hausse vun de Präisser ausfält, hänkt dovun of, ob et sech ëm Markeproduiten handelt, oder ob et eege Marke vun de Supermarchéë sinn. Esouguer grouss auslännesch Kette wéi Rewe oder Leclerc bekloen, datt international Liewensmëttelproduzenten, déi op der ganzer Welt aktiv sinn, hinnen onverhältnesméisseg Präisser diktéiere géifen. Dem Laurent Schonckert no huet een dann dräi Méiglechkeeten: Entweder et hëlt een d’Wuer aus dem Sortiment, et gëtt een d’Präishausse eent zu eent un de Client weider oder et dréckt ee seng Marge andeems een als Supermarché een deel vun der Hausse selwer bezilt. Als Cactus géing ee sech normalerweis fir déi lescht Optioun decidéieren. Et hätt een iwwerdeems net festgestallt, datt déi eege Marken, bei deenen de Präis vläicht manner héich geklommen ass, méi kaaft gi wieren, wéi extern Marken. Bei Aldi a Lidl maachen déi eege Marke ronn 90 Prozent vum fixe Sortiment aus. Den Jason Sevestre, Managing Director vun Aldi Lëtzebuerg, preziséiert, datt déi eege Produiten wéinst den héije Präisser vun de Matière-premièrë och méi deier gi sinn, awer nach ëmmer ee gudde Krack méi bëlleg, wéi bekannten extern Marke wieren an een d’Präisser esou séier wéi méiglech erofsetze wäert. Lidl erkläert, datt d’Vente vun externe Marken ëm 8 Prozent zeréckgaangen ass.

Lokal Produite sti bei alle Supermarchéen héich am Cours. Aldi schwätzt vu “méi wéi 230 Produiten mat Lëtzebuerger Origine”. De Cactus a Lidl nenne keng konkret Zuelen. De Laurent Schonckert geet awer dervun aus, datt ee méi Lëtzebuerger Produite wéi den Aldi huet. Ee Beräich an deem een nobessere wéilt, ass dee vum Schwéngefleesch. Aktuell verkeeft de Cactus nämlech quasi kee Lëtzebuerger Schwéngefleesch. De Laurent Schonckert erkläert dat domat, datt een an der Vergaangenheet seng Zweiwel un der Qualitéit an och um korrekten Ëmgank mat den Déiere gehat hätt. Dat wéilt ee mat der Aféierung vun engem siwente Label, eben engem fir Schwéngefleesch, änneren.
Supermarchéë wëlle weider zu Lëtzebuerg investéieren
Och wa vill international Acteuren am Grand-Duché present sinn, ginn et och Betriber, déi net op Lëtzebuerg kommen, mee sech direkt hannert der Grenz néierloossen. Sou bedreift beispillsweis dm seng gréisste vu bal 4.000 Filialen zu Perl, strieft awer net de Sprong iwwert d’Musel un. Et wéilt ee sech weider op déi Länner konzentréieren, an deenen ee scho present ass. Dat hat d’"Lëtzebuerger Wort” d’lescht Woch gemellt. Dorop ugeschwat, erkläert de Claude Bizjak sech déi Aussoen domat, datt ee sech bei dm un der sougenannter Restriction territoriale stéiert. Vill Produzente géingen de Supermarchéen nämlech virschreiwen, datt se verschidde Produite just iwwert gewësse Länner, beispillsweis d’Belsch, importéieren dierfen. Dat géing zousätzlech Tëschenhändler néideg maachen an domat zu méi héije Käschte féieren. Et géing ee scho länger op dee Problem hiweisen, mee op europäeschem Niveau géing einfach näischt geschéien.
Wat déi Acteuren, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, ugeet, wëlle souwuel Aldi wéi och de Cactus a Lidl weider zu Lëtzebuerg investéieren. Ufank Februar geet een neie Cactus-Buttek zu Rued-Sir op. Dem Laurent Schonckert no wäert zudeem een neit Geschäft zu Esch-Lalleng entstoen. Bei dësem Projet wäerte fir d’éischt och 50 bis 60 Appartementer, eng Crèche an ee Fitnessstudio integréiert sinn. Zudeem sollen d’Butteker zu Iechternach a Réimech renovéiert ginn. Bei Lidl wëllt een op mëttel Vue dräi Supermarchéë “renovéieren”, sief et andeems se ofgerappt an op där selwechter Plaz rëm nei opbaut ginn oder andeems aner Raimlechkeeten an där selwechter Uertschaft gesicht ginn. Et wier een och drun interesséiert sech an neien Uertschaften néierzeloossen, mee et géif nach kee konkrete Projet. Am Dezember eréischt hat een zwou nei Filialen zu Lëtzebuerg opgemaach. Och Aldi hat säin Netz vu Filialen d’lescht Joer erweidert, Mëtt Juli ass déi 18. zu Lëtzebuerg derbäi komm. Als nächste Projet soll de Buttek zu Maarnech wechgerappt an op där anerer Säit vun der Strooss een neit Gebai gebaut ginn.
Mat Bléck op déi generell Zukunft vum Secteur geet de Claude Bizjak dervun aus, datt déi klassesch Supermarchéë weider erhale bleiwen, mee et ëmmer méi a Richtung vun engem hybride Geschäftsmodell goe wäert. Deen traditionelle System kéint entweder mat engem Drive-In, engem Pick&Collect, engem Liwwerservice oder sougenannte Go-Shoppen, Butteker ouni Personal, déi mat Kameraen iwwerwaacht ginn a 24 Stonnen am Dag op sinn, kombinéiert ginn.