Stad LëtzebuergGuttmiddegkeet vu Fra ausgenotzt an Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 1 Auer e Méindeg de Moie gouf eng Fra vun engem Onbekannte bei der Place de la Gare ugesprach.
© RTL Archiv

De Mann hat uginn, dass hien Hëllef bräicht a misst dowéinst engem uruffen. Nodeem d’Fra d’Nummer versicht huet unzeruffen, ma awer keen opgehuewen huet, huet Si dem Täter den Handy iwwerlooss, fir domadder e Message ze schreiwen.

Wéi de Mann dës fortgeschéckt hat, ass hie mam Handy a Richtung Avenue de la Gare fortgelaf. Den Täter war tëscht 1,70m an 1,80m grouss, hat en “Dreitagebart”, hat eng rout/gro Jackett an eng gro Box un, sou wéi e schwaarze Rucksak dobäi.

Nëmme wéineg spéider huet sech a Mann um Policebüro op der Gare presentéiert, deem quasi dat selwecht geschitt ass. Dem Mann ass et hei allerdéngs gelongen, fir dem Täter den Handy nees aus der Hand ze rappen.

Back to Top
CIM LOGO