
"Ech war skeptesch, wéi ech d'Geschicht vum Prënz héieren hunn, krut awer gesot, et wär seriö! Ech hätt misse méi mësstrauesch sinn, war awer naiv!" Dat sot d'Haaptaffer e Freideg de Moien um Stater Geriicht am Prozess ëm eng Geiselaffär aus dem Dezember 2012, déi sech iwwer 3 Deeg erstreckt hat, dowéinst kréien zanter en Dënschdeg 4 Beschëllegt de Prozess gemaach.
Dat 57 Joer aalt Affer war viru bal 7 Joer fir d'éischt bei sech doheem iwwerfall ginn. Doropshin haten déi zwee Haaptugeklote Bijoutieren an eng Firma bestelle gelooss, si hate virun allem wäertvoll Auere geklaut kritt. Um Enn waren déi zwee mat enger Geisel am Auto bis op Paräis gefuer.
Hie wär kuerz virun der Geiselaffär vun enger Persoun gefrot ginn, ob hie méi nei Aueren organiséiere kéint, sot d'Haaptaffer e Freideg de Moien aus. Hien hätt geäntwert, just mat Kollektiounsaueren déngen ze kënnen. Hien hätt du vun engem Prënz aus dem Mëttleren Osten erzielt kritt, deen Auere wéilt. An enger zweeter Phas krut hie gesot, dass och Kollektiounsaueren interessant kéinte sinn. Hien hätt d'Coordonnéeë vun enger Persoun kritt, där ugeruff an déi och zu Paräis gesinn. Dee Mann hat sech als Sécherheetschef vum Prënz ausginn. Hien hätt Recherchen am Internet gemaach, bei Kolleegen nogefrot, ob dat alles koherent wär, an hätt „Jo“ geäntwert kritt.
Op eemol hätt hien dunn ugeruff kritt, dass de Prënz do wär a bei him laanschtkomme wéilt. Kuerz dono wären zwee Männer bei him ukomm, déi quasi direkt eng Pistoul gezunn an him eng Vest mat Sprengstoff ugedoen hätten. D'Affer huet doropshin e Rendez-vous mat Auerenhändler missen organiséieren, fir den Dag drop. Ee Moment wär hie mat engem vun den zwee Haaptleit eleng doheem gewiescht, op dee gesprongen, him mat enger Hantel nogelaf, ma d'Hausdier war zou. De Mann krut d'Hantel ofgeholl an domat eng op en Ouer, dat opgefuer ass. Wéi deen Zweeten erëmkoum, krut d'Affer eng vun deem an d'Rëpper. Mat senge Kreditkaarten hunn déi zwee dono ronn 12.000 Euro opgehuewen.
Den aneren Dag hätt hien de Brigange fir d'éischt 140.000 Euro beschaaft a wär du mat hinnen an d'Firma gefuer. Do goufen hien an aner Leit an de Keller bruecht a gefesselt. No an no wären aner Geiselen nokomm, bis eng vun hinnen d'Dier futti gemaach hätt. Si hätten dunn d'Police geruff. Et wär, wéi wann hien deemools e bësse gestuerwe wär, huet de Mann e Freideg gemengt. Fir dee säin Affekot, de Me Moyse, ronn 375.000 Euro Schuedenersatz gefrot huet.
Dëse Prozess, dee bis Mëtt Dezember dauere soll, geet d'nächst Woch virun.