D’Handwierk an de Bausecteur hofft, datt d’Projete méi séier ausgeschriwwe ginn, wéi dat an der Lescht de Fall gewiescht wär.
Ëffentlech Ausschreiwunge géife sech grad elo an der Baukris rar maachen, bedauert de Paul Nathan, Gerant vun der Baufirma Poeckes. De Familljebetrib feiert seng 100 Joer, beschäftegt eng 200 Mataarbechter. Virop duerch vereenzelt Industrieprojete kéim säi Betrib den Ament iwwer d’Ronnen, mee am Héichbau an och bei den Infrastrukture géif et un Aarbecht feelen. D’Konsequenz: wann de Staat da mol ëffentlech Ausschreiwunge maache géif, géife ganz vill Betriber matmaachen. “Mir mierken datt do e virulente Präiskampf entsteet an datt souguer deelweis ferme ënnert dem prix de revient ugebuede gëtt.”
Dobäi hat de Secteur grad mat antizykleschen Investissementer vum Staat gerechent, fir d’Betriber a virop d’Leit an Aarbecht ze halen, bis d’Aktivitéit nees unzitt.
Och de Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen hat rezent als Invité vun der Redaktioun bedauert, datt de Staat manner Soumissioune maache géif. Ëm wéi vill d’Zuel vun ëffentlechen Ausschreiwungen zréckgaangen ass, kann d’Chambre des Métiers net quantifizéieren. Déi eenzegen Unhaltspunkt, deen de Max Urbany, Chef Ekonomist vun der Handwierkerkummer den Ament huet, fir d’Gefill vun de Patronen a Bauentreprisen ze beleeën, ass d’Relatioun vun den annoncéierten Investissementer am Staatsbudget an den effektiv investéierte Suen. Do léich een 2023 bei 75%. Also ee Véierel ënnert dem Budget, dee virgesi war. “Grad an Zäiten, wou eng Kris ass, misst de Staat effektiv dovunner profitéieren, datt vill Betriber sech bei ëffentleche Soumissioune mellen an dann ebe méi investéieren», betount de Max Urbany.
Ma och déi Jore virdru gouf manner investéiert wéi ugekënnegt. De Grond war deemools awer een aneren: Virun Enn 2022 hat d’Constructioun genuch Opträg, deemno huet een net ëmmer op ëffentlech Ausschreiwunge reagéiert, verschidden Avis de marché publics hu souguer missen zréckgezu ginn, well keng Offer erakoum. Bannent zwee Joer huet d’Blat sech gedréint.
De Ministère fir ëffentlech Baute widdersprécht, datt et manner ëffentlech Ausschreiwunge gëtt. Op RTL Nofro huet eis den zoustännege Ministère matgedeelt, datt d’Zuele keng substantiell Baisse vun den Ausschreiwunge weise géifen. Et wier der Regierung a speziell dem Ministère fir ëffentlech Aarbechten hir “absolut Prioritéit” fir d’Investissementer an d’Infrastrukturen héich ze halen, och fir datt d’Betriber Opträg kréien. Dëst Joer géif de Staat viraussiichtlech e Rekord vun iwwer 1,1 Milliarden Euro fir ëffentlech Infrastrukturen ausginn. Wat d’Soumissioune betrëfft wieren der zejoert 443 an dëst Joer 440 erausgaang.
Och wieren Upassunge gemaach ginn, fir méi séier méi kleng Opträg kënnen ze verginn. Zuel vu groussen Infrastrukturprojeten, déi an der Chamber presentéiert ginn, wär bannent 2 Joer vu 26 op 43 geklommen. De Staat bräicht dofir och déi néideg Personal Ressourcen.
Hei seet de Chef Ekonomist vun der Chambre des Métiers „datt misst intelligent sous-traitéiert ginn u Bureaux d’études, fir méi séier u Bordereauen ze kommen, méi séier auszeschreiwen an dee Moment och de Secteur ze ënnerstëtzen.”
D’Land zu méi attraktive Präisser moderniséieren an esou d’Baubranche an Aarbecht hale bis d’Aktivitéit nees unzitt. U sech hunn Handwierk a Regierung déi selwecht Visioun. Just: de Bausecteur steet ënner Zäitdrock.