Am Groussen TheaterHandwierker-Diplomiwwerreechung vun der Promotioun 2022

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg kruten d'Studente vun der Promotioun 2022 hir Diplômes de Maîtrise respektiv hir Diplômes de la Promotion du Travail am Grand Théâtre iwwerreecht

Am groussen Theater an der Stad kruten 77 Persounen hire Brevêt de maîtrise iwwerreecht.

En traditionelle Rendezvous vun der Chambre des métiers, op deen een och houfreg ass, esou hire President den Tom Oberweis a senger Ried.

Hien ass dobäi och op déi aktuell Erausfuerderungen agaangen, virun deenen d’Handwierk steet.

D’Materialengpäss, d’Inflatioun, Prêten, déi méi deier ginn, de Manktem u qualifizéiertem Personal, Klimaschutz an d’Dekarboniséierung.

Et wier wichteg, d’Kris als Chance ze notzen an elo konsequent an den “Zukunftsmodus” ze schalten.

D’Handwierk géif Léisungen bidden, speziell am Kontext vun der Nohaltegkeet.

Ouni Handwierk géif et keng energeetesch Transitioun, kee Klimaschutz a keng modern Mobilitéit.

Nohaltegkeet wier e Synonym fir gesellschaftlech Verantwortung a wirtschaftlech Perspektiven, esou den Tom Oberweis.

Back to Top
CIM LOGO