Oppene Bréif vum Romain SchmitHandwierker-Federatioun fuerdert Ënnerstëtzung och no der Kris

Joel Detaille
Dat historescht Mega-Experiment, fir eng Vollekswirtschaft mol ofzeschalten, kennt kee Beispill.

Well souguer wärend de Weltkricher d'Wirtschaft weider gelaf ass. Dofir kennt een awer och déi liéiert Risiken net.

Mat deem Zitat vum däitschen Noriichtesender NTV ass en oppene Bréif vum Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun Romain Schmit iwwerschriwwen.

Deen ass ëmmerhi 7 Säite laang a verschidde Froe gi sech gestallt, wéi et am Artisanat ka weidergoen, dee jo ferme ënner Drock steet an iwwer 100.000 Aarbechtsplazen abegräift.

Egal wéi d'Exit-Strategie vun der Regierung ausgesäit - ob et déi richteg Taktik war, wäert sech eréischt no enger gewësser Zäit weisen.

Kruzial wier et awer, dass d'Betriber weiderhin ënnert d'Äerm gegraff kréien, an zwar determinéiert, schreift de Romain Schmit.

Momentan si wärend dem Confinement Baissë vum Ëmsaz vu 50% a méi den trauregen Alldag.

En Aiden-System gouf séier vun der Regierung en place gesat, sou wäit sou gutt.

Dat war alles néideg a léif gemengt, och wa sech natierlech technesch Problemer gestallt hunn, eleng scho wéinst der immens héijer Zuel vu Leit, déi Hëllef ugefrot hunn.

De Romain Schmit seet awer och ganz kloer, dass de staatleche Mesuren-Pak, wéinst Kredit-Erliichterungen, u sech eng Opfuerderung un d'Entreprisë war, sech ze verschëlden, ouni ze investéieren, eigentlech en No-Go fir en Entrepreneur.

De Generalsekretär vun der Féderation des Artisans evoquéiert och de Problem, dass verschidden Independantë keng staatlech Hëllef kruten, mam Argument se hätten iergendwa jo vill Geld verdéngt. D'Fro gëtt opgeworf, ob déi Independanten also gutt genuch sinn, fir Steieren ze bezuelen, net awer fir gehollef ze kréien. Se géifen diskreditéiert ginn, als Bierger zweeter Klass an dat wier net ze toleréieren, et gëtt net gutt a béis Betriber an der Corona-Kris.

Et wier kloer, dass d'Weiderféiere vum chômage partiel, "unabdingbar" wier, also essentiell, fir d'Iwwerliewe vu ville Betriber ze sécheren. Et bréicht ee just u Firmen denken, déi wuel nach méintelaang net schaffe wäerten däerfen, beispillsweis déi am Catering- oder dem evenementielle Beräich. Bei der Kuerzaarbecht wiere flexibel Mesuren iwwert eng laang Zäit net ze evitéieren.

D'Wirtschaft zu Lëtzebuerg, wéi generell, wier e komplexen, interaktiven Organismus, dee futtigeet, wann de banneschte Kreeslaf gestéiert gëtt. Dat misst och d'Politik verstoen. Wann net opgepasst gëtt, wier de Schued irreparabel.

De Grand-Duché huet säin Triple-A-Status weiderhin. Elo misst ee beweisen, wat dee Label wäert ass.

PDF: Oppene Bréif vum Romain Schmit

Back to Top
CIM LOGO