Wäisse Golf geklautHausbewunner vu 4 deels maskéierte Männer zu Bous iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 21.30 Auer goufen d'Bewunner vun engem Eefamilljenhaus zu Bous an der Éiter Strooss brutal iwwerfall an ausgeraibert.
© RTL Archivbild

D'Banditten hunn ee wäisse Golf GTI mat de Lëtzebuerger Placken "PT 2206" matgoe gelooss.

D'Police freet no Zeien.

Gesicht gëtt elo no 3 oder 4 Männer mat nord-afrikaneschen Originnen, déi donkel ugedoe waren an tëscht 20 an 30 Joer all misste sinn. Se waren e Sonndeg den Owend am Raum Sandweiler-Bous ënnerwee.

Gesicht gëtt och nom wäisse Golf, dee vläicht engem no 22.30 Auer opgefall ass. Et besteet och d'Méiglechkeet, dass falsch Placken drop waren.

Sämtlech Informatioune si fir d'Police-Sektioun "Répression du Grand Banditisme" um 4997-4850 oder fir den 113.

Back to Top
CIM LOGO