Aus dem PolicebulletinHausbewunner zu Beetebuerg leeft Abriecher hannendrun

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Dr. Albert Schweitzer zu Beetebuerg gouf e Samschdeg géint 17 Auer een Abroch gemellt.
© RTL Archivbild

Iwwert eng Fënster hannen um Haus ass den Abriecher an d’Gebai komm an huet do eng Rei Zëmmer a Schief no Wäertgéigestänn duerchsicht. Seng sich war erfollegräich, mee wou d’Awunner heem komm sinn, huet hie sech musse séier duerch d’Bascht maachen.

Een Hausbewunner wollt den Abriecher awer net einfach esou dervu komme loossen an huet d’Poursuite opgeholl. D’Police konnt de presuméierten Abriecher duerno an engem Bësch direkt an der Géigend stellen.

Bei enger Kierperduerchsichung um Policebüro goufen ee geklauten Handy, Boergeld an divers aner Géigestänn fonnt, esou d’Police e Sonndeg an hirem Bulletin. Net wäit fort vum Haus goufen ausserdeem nach eng Jackett an ee Rucksak mat weidere Wäertgéigestänn fonnt, déi de presuméierten Täter bei der Flucht fale gelooss hat.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Weider Abréch e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg gouf et hei:

  • Zéisseng, Kohlenberg
  • Keespelt, Rue de Kehlen (Praxis)
  • Esch, Rue Mathias Koener
  • Steesel, Rue des Près
  • Stroossen, Rue du Bois

Ausserdeem gouf an eng Rei Autoen agebrach:

  • Boxer, Haaptstrooss
  • Nidderkäerjeng, Rue Jules Hemmer
  • Stad, Bvd. Prince Henri
Back to Top
CIM LOGO